0 ech kann - je suis capable 2009

73
Je suis capable de … Ech si kapabel – Ech kann… I am able to … Aktualiséiert Versioun vum 15te September 2009 1 Vie sociale – D’Liewen an der Gesellschaft 4 2 Gérer une conversation – E Gespréich geréieren 18 3 Résoudre des problèmes – Problemer léisen – solve problems 23 4 Exprimer des émotions, des sentiments, des opinions – Emotiounen, Gefiller a Meenungen ausdrécken 27 5 Face à l’administration, à la vie publique – D’Administratioun, d’ëffentlecht Liewen 31 6 Questions d’argent – Froe vu Suen 33 7 Faire un récit, un exposé – En Exposé maachen 37 1 Vie sociale – D’Liewen an der Gesellschaft 4 1.1 Premières rencontres – Éischt Treffen 4 1.2 S’adresser à quelqu’un – Mat engem schwätzen 5 1.3 Saluer, répondre à des salutations - Begréissen 5 1.4 Se présenter – Sech virstellen 5 1.5 Présenter quelqu’un – Ee virstellen 8 1.6 Remercier – Merci soen 8 Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 1 -

Upload: jean-marie-nau

Post on 26-Jun-2015

296 views

Category:

Documents


10 download

TRANSCRIPT

Page 1: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Je suis capable de … Ech si kapabel – Ech kann… I am able to …

Aktualiséiert Versioun vum 15te September 2009

1 Vie sociale – D’Liewen an der Gesellschaft 4

2 Gérer une conversation – E Gespréich geréieren 18

3 Résoudre des problèmes – Problemer léisen – solve problems 23

4 Exprimer des émotions, des sentiments, des opinions – Emotiounen, Gefiller a Meenungen ausdrécken 27

5 Face à l’administration, à la vie publique – D’Administratioun, d’ëffentlecht Liewen 31

6 Questions d’argent – Froe vu Suen 33

7 Faire un récit, un exposé – En Exposé maachen 37

1 Vie sociale – D’Liewen an der Gesellschaft 4

1.1 Premières rencontres – Éischt Treffen 4

1.2 S’adresser à quelqu’un – Mat engem schwätzen 5

1.3 Saluer, répondre à des salutations - Begréissen 5

1.4 Se présenter – Sech virstellen 5

1.5 Présenter quelqu’un – Ee virstellen 8

1.6 Remercier – Merci soen 8

1.7 Invitation – Aluedung (Invitatioun) 9

1.8 Répondre à une invitation – Op eng Aluedung äntweren 9

1.9 Offrir un cadeau – E Cadeau maachen (offréieren) 9

1.10 Recevoir un cadeau – E Cadeau kréien 9

1.11 S’enquérir de l’état de santé, de l’état d’esprit de quelqu’un 9

1.12 Donner des nouvelles de quelqu’un – Neiegkeete vun engem ginn 9

1.13 Compter, indiquer des numéros (tél. p.ex.) - Zielen 10

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 1 -

Page 2: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

1.14 Indiquer l’heure – Soen, wéivill Auer et ass 10

1.15 Utiliser quelques formules de politesses – E puer Héiflechkeetsformele benotzen 10

1.16 S’excuser – Sech entschëllegen 10

1.17 Commander quelque chose à boire et à manger – Eppes ze drénken an z’iesse bestellen 11

1.18 Exprimer ce qu’on aime ou ce qu’on n’aime pas – Soe wat ee gär huet a wat net 11

1.19 Poser des questions – Froe stellen 11

1.20 Laisser un bref message au téléphone – Eng kuerz Noriicht um Telefon loossen 11

1.21 Rédiger de courts messages (e-mail, carte postale, sms, ...) – Kuerz Messagë loossen 11

1.22 Mener une petite conversation sur la météo – E klengt Gespréich iwwer d’Wieder féieren 11

1.23 Meng Aktivitéite beschreiwen - Décrire mes activités (ce que je fais quand et où) 12

1.24 Comprendre l’essentiel des nouvelles dans le journal télévisé ou à la radio – Dat Wesentlecht an den Neiegkeeten op der Telee oder am Radio verstoen 17

2 Gérer une conversation – E Gespréich geréieren 18

2.1 Demander des informations sur la langue – Informatiounen iwwer d’Sprooch froen 18

2.2 Marquer son intérêt – Sech interesséieren 18

2.3 Hésiter, gagner du temps … - Zécken, Zäit gewannen 18

2.4 Vérifier sa compréhension – Sécher sinn, dass ee richteg verstan huet 19

2.5 Parler de la pluie et du beau temps – Vum Wieder an aner Saache schwätzen 19

2.6 Interrompre - ënnerbriechen 20

2.7 Gérer une conversation téléphonique – Um Telefon schwätzen 20

2.8 Exprimer mes souhaits quand je fais mes courses – Meng Wënsch ausdrécken, wann ech akafe ginn 21

2.9 Participer à des conversations parlant de sujets d’actualité – Un Aktualitéitsgespréicher deelhuelen 22

3 Résoudre des problèmes – Problemer léisen – solve problems 23

3.1 Demander un renseignement 23

3.2 Exposer un problème – E Problem virstellen 24

3.3 Exposer un problème de santé – E gesondheetleche Problem virstellen 24

3.4 Demander son chemin – Säi Wee froen 25

3.5 Demander un service – En Déngscht froen 26

3.6 Décrire et comprendre le fonctionnement d’un appareil – Beschreiwen a verstoen, wéi en Apparat fonktionéiert 26

3.7 Décrire une panne – Eng Panne beschreiwen 26

4 Exprimer des émotions, des sentiments, des opinions – Emotiounen, Gefiller a Meenungen ausdrécken 27

4.1 Faire des compliments 27

4.2 Exprimer une émotion (a. satisfaction, b. inquiétude, c. soulagement, d. colère, …) 27

4.3 Exprimer un sentiment (a. joie, b. tristesse, ...) 28

4.4 Parler de ses gouts 28

4.5 Se plaindre – sech beschwéieren – to complain 28

4.6 Exprimer son opinion et donner son avis – Seng Meenung soen 29

4.7 Faire des comparaisons 30

4.8 Indiquer mes préférences 30

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 2 -

Page 3: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

4.9 Philosophie de vie – Liewensphilosophie, Iwwerzeegungen 31

4.10 Exprimer son accord avec l’opinion d’autrui 31

4.11 Exprimer son désaccord avec l’opinion d’autrui 31

4.12 Se justifier 31

5 Face à l’administration, à la vie publique – D’Administratioun, d’ëffentlecht Liewen 31

5.1 A la commune – An der Gemeng 31

5.2 Répondre, réagir à une annonce (offre d’emploi, location, …) 32

5.3 Donner des précisions sur son activité professionnelle 32

5.4 Prendre rendez-vous 32

5.5 Se présenter à un rendez-vous 33

5.6 Remplir un formulaire 33

5.7 Contrôle technique 33

6 Questions d’argent – Froe vu Suen 33

6.1 A la banque 33

6.2 A la poste 34

6.3 Am Supermarché 34

6.4 Dans une boutique 34

6.5 Dans un taxi (indiquer la destination, demander le prix de la course, payer, contester, …) 35

6.6 Am Restaurant 35

6.7 A l’hôtel 376.7.1 Demander la confirmation d’une réservation 376.7.2 Demander des précisions sur les prestations 376.7.3 Se renseigner sur les curiosités touristiques 37

7 Faire un récit, un exposé – En Exposé maachen 37

7.1 Raconter un événement – Eppes erzielen, wat geschitt ass 37

7.2 Parler de sa vie 38

7.3 Commenter des textes littéraires (un livre, un poême, une chanson, une pièce de théatre) 40

7.4 Faire un exposé sur un sujet qui m’intéresse (avec notes écrites et préparation) 41

7.5 Décrire une personne – eng Persoun beschreiwen 43

7.6 Décrire un objet – En Objet beschreiwen 44

7.7 Décrire ma maison, un endroit, lieu de travail, etc. – Mäin Haus beschreiwen, eng Plaz, d’Aarbecht, asw. 44

7.8 Parler de son pays d’origine – Vu sengem Land schwätzen 46

7.9 Se renseigner sur le pays d’accueil 48

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 3 -

Page 4: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

1 Vie sociale – D’Liewen an der Gesellschaft

1.1 Premières rencontres – Éischt Treffen

Au sport, Compétition de Badminton dans le

Hall Prince Henri. Après un match, je bois une

bière avec mon adversaire.

Kontext : Beim Sport : Badminton Competitioun an

der Hall Prince Henri. No engem Match drénken ech

eng Béier mat menger Géignerin.

Bonjour, mon nom est Aline, Quel est votre nom ? Mon nom est Pascale, et où habitez-vous ?

J’habite en ville.

Et où travaillez-vous ?

Je travaille à Walferdange. Et vous ?

Je tavaille à Rodange. Je suis Ingénieure.

Et qu’est-ce que vous faites comme travail ?

Je suis comptable.

Etes-vous mariée ?

Oui , je suis mariée avec Pierre et j’ai un enfant.

Et vous ?

Je ne suis pas mariée et je n’ai pas d’enfant.

Depuis combien de temps jouez-vous au Badminton ?

Je joue depuis 5 ans et vous ?

Je joue depuis 2 ans.

Excusez moi, je dois y aller, ils m’appellent pour mon match.

Au revoir - Au revoir.

Moien, mäin Numm ass Aline. Wat ass ären Numm? Mäin Numm ass Pascale. A wou wunnt Dir?

Ech wunnen an der Stad.

A wou schafft Dir?

Ech schaffen zu Walfer. An Dir?

Ech schaffen zu Rodange. Ech sinn Ingénieure

A wat schafft Dir?

Ech si Comptable.

Sidd Dir bestuet?

Jo, Ech si mam Pierre bestuet an ech hunn ee Kand.

An Dir?

Ech sinn net bestuet, ech hu keng Kanner.

Zënter wéivill Joer spillt Dir Badminton?

Ech spillen zënter 5 Joer.

And Dir?

Ech spillen zënter 2 Joer.

Entschëllegt, ech muss goen, si ruffe mech fir mäi Match.

Äddi - Äddi

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 4 -

Page 5: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

1.2 S’adresser à quelqu’un – Mat engem schwätzen

Kontext: Nom Lëtzebuergeschcours.

F: Moien! Entschellëgt, däerf ech Iech e puer Froe stellen?

A: Jo, firwat net. F: Vu wou kommt Dir?

A: Ech kommen aus Brasilien. F: Wéi laang wunnt Dir hei zu Lëtzebuerg?

A: Ech wunne fënnef Méint zu Lëtzebuerg. F: Firwat wunnt Dir zu Lëtzebuerg?

A: Ech wunnen hei well mäi Mann Lëtzebuerger ass. F: Ah sou, Dir sidd bestuet! Hutt Dir Kanner?

A: Jo, ech si bestuet, awer ech hu keng Kanner. F: Dir schwätzt gutt Lëtzebuergesch, wéivill Sprooche schwätzt Dir?

A: Jo, merci, ech schwätze véier Sproochen. Ech schwätzen e bësse Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, a ganz gutt Portugisesch.

F: Kennt Dir de Jean-Marie Nau, mäi Proffesser fir Lëtzebuerguesch?

A: Jo, mäi Mann kennt hie scho ganz laang. F: Wéi heescht Dir, an äre Mann?

A: Ech sinn d’Mariesol S-B a mäi Mann heescht Joubin B.. Bill, Capellen

1.3 Saluer, répondre à des salutations - Begréissen

Eischte Kontakt: Moien. - Bonjour. Ech heeschen Cheryl. Wéi heescht Dir? - Ech heeschen Marco. Vu wou kommt Dir? - Ech kommen aus Portugal. An Dir? Ech kommen aus Amerika vu Baltimore. Ech wunnen zu Mamer. Oh, ech wunnen och zu Mamer.

1.4 Se présenter – Sech virstellen

Ech heeschen Cheryl.  Ech kommen aus Amerika vu Baltimore. Ech si mam Luc bestuet. Hien ass Fransous. Mir hu véier Kanner, dräi Jongen an e Meedchen - de Mitch, de Paul, de Stéphane an d'Amélie.  Mir wunne scho fënnef Joer zu Mamer. Ech si Katechetin. Ech schaffen an der International School of Luxembourg an der kathoulescher Kierch.  Ech schwätzen Englesch, Franséisch an e bësse Lëtzebuergesch.  Ech hunn och Latäin, Spuenesch a Russesch an der Schoul an op der Uni geléiert.  Ech maache gär Sport.

Ech heeschen Eleni an ech kommen aus Griichenland, vu Messologui. Ech schwätze griichesch, englesch a

franséisch. Ech léiere Lëtzebuergesch an der Gemeng Walfer. Ech hunn zwee Kanner, d’Marianna huet 22

Joer an d’Alexandra huet der 18. Ech schaffen an enger Informatiksfirma. Ech wunnen zu Helmseng, an

der rue des Pommiers. Ech hunn de Lëtzebuergeschcours gär an ech participéieren am Cours.

Mäin Numm ass Juliana. Ech wunnen zu Bäreldeng. Ech si mam Pedro bestuet. Ech kommem aus

Portugal. Ech wunne schonn anerhalleft Joer zu Lëtzebuerg.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 5 -

Page 6: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Mon nom est Aline, je suis Belge. Je parle

Français et Anglais? Je ne suis pas mariée.

Je n'ai pas d'enfant. J'habite à Heisdorf, 5

rue Henri de Stein. Je suis ingénieure. Je

travail à Rodange.

Maïn Numm ass Aline. Ech si Belsch. Ech schwätze

Franséisch an Englesch. Ech sinn net bestuet. Ech hu

keng Kanner. Ech wunnen zu Heeschdref, ... rue Henri

de Stein. Ech sinn Ingénieur. Ech schaffen zu Rodange.

Au cours de Luxembourgeois, j'ai connu

Sabrina. Elle est Italienne. Elle est mariée

avec Partrick. Elle n'a pas d'enfant. Elle

habite à Mersch. Elle ne travaille pas.

Am Lëtzebuergeschcours hunn ech d'Sabrina

kennegeléiert. Si ass Italienerin. Si ass mam Patrick

bestuet. Si huet keng Kanner. Si wunnt zu Mersch. Si

schafft net.

Mäin Numm ass Carmen. Ech si Spuenierin. Ech si bestuet an ech hu véier Kanner. Ech schwätze

Spuenesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Ech hunn och Latäin an der Schoul geléiert. Op der Uni hunn

ech Finanz an Economie a Business Administratioun studéiert. Ech si schonn néng Joer zu Lëtzebuerg.

Ech wunnen zu Bereldeng.

Moien. Mäi Virnumm ass Béatrice. Ech si Witfra. Ech wunnen zu Steesel a si Belsch. Meng Eltere wunnen

an der Belsch. Ech hunn ee Jong, hien huet eelef Joer. Säin Numm ass Tom, hien ass am sechste

Schouljoer, mee d’nächst Joer geet hien an de Lycée. Ech schaffe bei der Firma PEDUS an ech si

Comptabel. Ech schwätze Franséisch, Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. Ech maache gär Sport, wéi

zum Beispill Fitness. Ech gi gär an d’Sauna. Mäi Jong an ech gi gär an d’Vakanz op d’Plage an d’Sonn.

Ech gi gär Kleeder a Schong akafen. Owes kucken ech d’Telee.

Ech heeschen Isabelle. Ech si mam José bestuet. Ech hunn eng Duechter. Ech wunne schonn zéng Joer zu

Lëtzebuerg an zënter dräi Joer zu Helmseng. Ech ginn all Samschdeg bei meng Elteren. Ech hu Kaze ganz

gär. Ech schaffen an der Restauratioun zënter zwielef Joer.

Ech drénke keen Alkohol an ech fëmmen net. Wann

d’Wieder schéin ass, schaffen ech gär a mengem Gaart.

Ech sinn zu Gouda an der Mëtt vun Holland gebuer. Ech hunn an enger klenger Gemeng bei Rotterdam

gewunnt an ech war zu Rotterdam am Lycée. Ech hunn op der Uni zu Rotterdam studéiert an duerno hunn

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 6 -

Page 7: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

ech mäi Militärdéngscht gemaach. Den 13te Juni 1987 hunn ech an enger traditionneller „Merchant Bank“

mat schaffen ugefaang. (Hans)

Moien, ech heesche Clémence, ech hunn 30 Joer a si Geograph beim CEPS, zu Déifferdéng zënter 5 Joer.

Mäin Aarbechtskolleg heescht Sylvain. Hien ass och 30 Joer al an ass Informatiker. Ech si mam Patrice

bestuet, a mir hunn ee Jong. Hien heescht Thibaut a kritt den 9te Mäerz 3 Joer. Hien ass léif a schwätzt vll.

Hie spillt vill mat sengen 32 klengen Autoen.

Ech wunnen zu Yutz bei Thionville. Viru mengem Haus hunn ech vill Rousestäck. Ech waarden op de

Summer, fir vill Blummen ze hunn. Wann ech Zäit hunn, kachen ech mam Thibaut. Mir gi spadséieren a

maache Kommissiounen.

Mäin Numm ass Rita, ech sinn Däitsch a wunne säit 15 Joer zu Lëtzebuerg. Ech si bestuet mam Claude an

hunn zwee Kanner, de Philipp an d’Laura. Dat sinn déi zwee léifste Kanner vun der Welt. D’Laura huet 14

Joer an de Philipp bal 13. Meng Fräizäit gehéiert menge Kanner, si sinn dat wichtegst fir mech.

Ech maache gär Sport. Ech gleewen un d’Naturgesetzer, déi genial sinn. Ech wëll Lëtzebuergesch léiere

well ech frou sinn hei am Land, a vill lëtzebuergesch Frënn hunn, mat deenen ech hir Sprooch

schwätze wëll.

Main Numm ass Nathalie. Zënter 2 Joer wunnen ech an engem Appartement zu Bereldeng. Ech hunn zwee

Bridder a si si bestuet. Meng Eltere liewen och zu Lëtzebuerg. Ech shaffe fir d’Abtei Neumünster am

Grond zënter dem Abrëll 2004 als Assistentin fir d’Administratioun a fir de Personaldirekter. Zënter dem

Januar 2005 schaffen ech fir den Departement Konferenzen a Restauratioun als “ Chargée de projets “ .

All Dag fueren ech op d’Aarbecht mat mengem Auto. Wann ech Fräizäit hunn, maachen ech gär Sport

(zB: Tennis, Roller Blade, Schifueren, Waasserski… ) Ech dekoréieren och gär mäin Appartement oder

ech gi mat menge Frënn an de Kino oder ech maache Shopping. Fir d’Vakanz maachen ech am léifsten

Auslandsreesen.

Meng Iwwerzeegungen: “On ne voit bien qu’avec le Coeur, l’essentiel est invisible pour les yeux ( Saint Exupéry )

“Et gesäit een nëmme gutt mam Häerz, dat Wesesentlecht ass onsichtbar fir d’Aen.”

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 7 -

Page 8: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

1.5 Présenter quelqu’un – Ee virstellen

Dat ass d’Jelena. Hatt kënnt aus Kroation an hatt huet 35 Joer. Hatt léiert Däitsch. Hatt ass mam Nikos

bestuet. Hatt ass Testingenieur. Hatt wunnt an der Stad.

Mäi Meedchen heescht Laura a si huet sechs Joer. Hatt huet vill Teddyen a senger Kummer. Hatt geet zu

Helmseng an d’Schoul. Seng Frëndin heescht Lisa. Hatt schaukelt ganz gär. Hatt ësst vill Schokela. Seng

Lieblingsfaarf ass blo. Hatt geet all Freideg an d’Piscine. Isabelle

Meng Duechter Eline huet 5 Joer a si huet zënter 3 Joer Zöliakie. Dat ass

eng Krankheet woubäi den Daarm ugegraff gëtt wa si kee Regime mécht.

Si däerf kee Gluten hunn, dat heescht dass si kee Weess, Kar asw. iesse

kann. Doheem ass et kee Problem, mee wa si eng Gebuertsdagsfeier huet,

ass et méi komplizéiert. Ech muss dann e Kuch backen (ouni Gluten), a

speziell Kichelcher a Kammelle matbréngen. Dann hoffen ech, dass et

ongeféier datselwecht ass wéi dat, wat déi aner Kanner iessen. Ech si Member vum d’Zöliakieveräin. Ech

hunn do och e Bakcours gemaach. Dat war ganz flott an et huet gutt geschmaacht. Judith

1.6 Remercier – Merci soen

Léif Madame Lomboray, ech wollt villmools merci soe fir är Invitatioun. Mir hunn en agreablen Owend

zesumme gehat. Äert Iesse war ganz appetitlech an et war eng flott Occasioun fir Lëtzebuerger ze treffen

an esou och Lëtzeburgesch ze schwätzen. Bis d’nächste Kéier bei eis. Zahra

Chère Madame Johanns,

Je voudrais vous remercier de votre geste de me

rendre les documents que j’avais perdu. C’était

très gentil de votre part de prendre le temps de

ramener mes documents au CEPS. Merci encore

une fois, et j’espère que vous aimez le

chocolat .

Léif Madame Johanns,

Ech wollt Iech villmols merci soe fir äre Geste,

mir meng Pabeieren zréckzeginn, déi ech verluer

hat. Et war ganz léif vun Iech, dat Dir Iech Zäit

geholl hutt meng Kaarten an de CEPS ze

bréngen. Nach eng Kéier merci, an ech hoffen

Dir hutt Schockela gär . Ioana

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 8 -

Page 9: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

1.7 Invitation – Aluedung (Invitatioun)

Wëllt Dir e Sonndeg fir d’Mëttegiesse bei eis heem kommen? D' Adress ass ... zu Helmseng. D’Haus ass bei der Gare zu Walfer, um Enn vun der Buslinn. 10, 23, rue de la gare. Eleni

1.8 Répondre à une invitation – Op eng Aluedung äntweren

Merci villmools fir är Invitatioun. Mir komme ganz gär. Kënne mir eppes matbréngen ?

Merci fir d’Invitatioun. Dat ass ganz léif. Leider hu mir schonn eppes deen Owend. Awer vläicht eng aner

Kéier?

1.9 Offrir un cadeau – E Cadeau maachen (offréieren)

Hei ass e klenge Cadeau fir Iech. Ech hunn eng Klengegkeet matbruecht. Ech hoffen, dat hei gefällt Iech :

1.10 Recevoir un cadeau – E Cadeau kréien

That´s nice! Dat ass léif!

I like it a lot! Et gefält mir ganz gutt!

I´ve wanted that for long time. Dat wollt ech scho laang. (Dat hätt ech ewell laang gär gehat.)

Great! Immens!

Thanks a lot! Villmools Merci! Petra

1.11 S’enquérir de l’état de santé, de l’état d’esprit de quelqu’un

Beim Dr. Stéphanie : Moien. Wéi geet et iech haut ? Hutt Dir extra Problemer ? Hutt Dir eppes wéi ?

Geet et besser wéi déi leschte Kéier ? Iesst Dir genuch ? Wien ass ären Hausdokter an Häerzdokter ? Wéi

eng Medikamenter huelt Dir ? Wéi en Traitement huelt Dir ? Wéi eng Krankheeten hat Dir schonn ? Hutt

Dir Allergien ? Hutt Dir eppes um Häerz ? Hutt Dir wéi rondrëm d’Brëscht ?

1.12 Donner des nouvelles de quelqu’un – Neiegkeete vun engem ginn

Gëschter krut ech e Bréif vu menger Mamm. Si ass nach zu Mondorf. Si géif nach eng Woch bleiwen, mee

dat ass ze déier. Si wëllt och en Abonnement huelen. Si ass tipp topp. Si huet manner de Réck wéi. Si

schwëmmt am Waasser dat 29 Grad huet. Si seet. Dat ass ganz ganz gutt. D’Wieder ass net schéin, mee dat

mécht näischt. Si ass dobannen. An de Massage ass extra. Si freet: Wéi geet et dir? Wann et hir besser

geet, wëllt si ophale mat fëmmen. Julien

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 9 -

Page 10: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

1.13 Compter, indiquer des numéros (tél. p.ex.) - Zielen

Zu wéivill si mir haut am Cours ? 1,2,3,4, ...16. Den 1te Mee ass kee Cours. Mäi Gebuertsdag ass de 7te

September. Wat ass är Telefonsnummer w.e.g.? 26 33 28 09. Merci.

1.14 Indiquer l’heure – Soen, wéivill Auer et ass

Wévill Auer ass et elo w.e.g. ? 8 Auer. Entschëllegt, ech muss haut éischter goen, um halwer aacht.

1.15 Utiliser quelques formules de politesses – E puer Héiflechkeetsformele benotzen

Wann ech glift. Merci. Et ass gär geschitt. Et ass näischt.

Kontext : Garçon, Epicier, Vendeuse :

Moie Madame. Firwat wier et, w.e.g. ? Wat kritt Dir w.e.g. ?

Awar Monsieur a villmools merci. Villmools merci an e schéine Weekend.

Kontext: Client:

Ech hätt gär zwee Kilo Grompere w.e.g.! Gitt mir nach e Kilo Tomate w.e.g.!

Kann ech w.e.g. e RDV ausmaachen! Géift Dir w.e.g. d’Dier opmaachen!

D’Rechnung w.e.g. ! Ech géing gär eng Dësch reservéiere fir de Mëtteg um halwer eng w.e.g.!

Braucht dir nach eppes wann ech glift ? Wat kritt Dir wann ech glift?

Wien däerf ech mellen ?

Kontext : Client-Vendeuse

Ech bieden Iech Madame, kommt eran!

Villmools merci. Äddi. Merci gläichfalls. Äddi!

Beispill : DALASS, Dialog am Guichet vun der Post. (Wéivill? Wéivill kascht de Bréif? ... Wier Dir sou

léif mir ze soen wat et kascht w.e.g.?)

An der Post: Wier et méiglech, en Tëmber ze kréien?

1.16 S’excuser – Sech entschëllegen

Pardon. Entschëllegt! Et deet mir leed. Oh, dat wollt ech net. Ah jo, et ass meng Schold. Entschëllegt

mech! Entschëllegt mech dass ech meng Aufgab ze spéit geschéckt hunn. Sidd net béis dass ech sou spéit

komm sinn.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 10 -

Page 11: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Email: Moie Jean-Marie! Wéi geet et dir? Ech si krank a kann dowéinst net an de Cours kommen. Ech hu

Féiwer, de Kappwéi an huelen Antibiotika. Ech hunn eng Sinusite. Bis d’nächst Woch, mat léiwe Gréiss,

Agata

1.17 Commander quelque chose à boire et à manger – Eppes ze drénken an z’iesse bestellen

Eng Béier w.e.g. Entschëllegt, ech wëll gär bestellen.

Als Entrée eng Geméiszopp an als Plat Hämmelskotelette mat Gromperen. A fir ze drénken, e Glas

Spruddelwaasser w.e.g.! Bréngt Der mer nach w.e.g. e Kaffi an d’Rechnung. Merci gläichfalls. Äddi.

Finnola

Ech gätt gär Téi wann ech glift. Fir wéivill ass dat ?

Wat wëlls du drénken ? Ech wëll e Glas Wäin drénken. Mir huele gekachte Fësch mat Gromperen.

Nathalie

1.18 Exprimer ce qu’on aime ou ce qu’on n’aime pas – Soe wat ee gär huet a wat net

Ech maache gär Sport, haaptsächlech Tennis, Golf, schwammen, Yoga a segelen. Ech

drénke gär Wäin. Ech gi gär an de Kino mat menge Kanner. Carmen

1.19 Poser des questions – Froe stellen

Wéi geet et ? Alles an der Rei ? Wéivill Auer ass et w.e.g. ? Wou wunnt Dir ? Schafft Dir an der Stad ?

Entschëllegt, wou ass de Kino? Entschëllegt, sidd Dir den Här Becker? Jo. Hei ass e Message fir Iech.

Merci.

1.20 Laisser un bref message au téléphone – Eng kuerz Noriicht um Telefon loossen

Salut Jean. Hei ass de Jos. Kanns du mir zréck uruffen. Ech sinn elo doheem. Merci. Salut.

1.21 Rédiger de courts messages (e-mail, carte postale, sms, ...) – Kuerz Messagë loossen

SMS : Wou bass du ? Ech si schonn am Restaurant. Willy.

1.22 Mener une petite conversation sur la météo – E klengt Gespréich iwwer d’Wieder féieren

Moien. Moien. Schéi Wieder haut. Ah jo, herrlech. Muer soll et reenen. Neen. Dach. An de

Weekend ? Dat weess ech net. Sou, ech ginn. Salut. Salut. Maach et gutt !

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 11 -

Page 12: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

1.23 Meng Aktivitéite beschreiwen - Décrire mes activités (ce que je fais quand et où)

Ech stinn um véierel vir 7 op. No enger Dusch doen ech mech un. Meng Frëndin preparéiert de Kaffi a mir iessen

zesummen. Duerno fueren ech op d’Aarbecht. An der Mëttesstonn ginn ech bei meng Mamm iessen. Mir kucken

zesummen d’Noriichten um Fernseh. Um 2 Auer fueren ech zréck op d’Aarbecht a schaffe bis 6 Auer. Da kann den

Owend ufänken! Nom Iesse kucke mir oft e Film. Um 11 Auer ginn ech endlech schlofen; gutt midd! (Maxim)

Um zwanzeg op 6 stinn ech op. Um 7 Auer drénken ech Kaffi. Ech iessen e Croissant. Um 8 Auer surfen

ech um Internet. Um halwer 9 joggen ech. Um 11 Auer schwätzen ech mat den Noperen an da ginn ech

akafen. Um 12 Auer iessen ech. Um 1 Auer ginn ech an d’Schoul. Vun halwer 2 bis halwer 4 schaffen ech.

Um véierel vir 4 fueren ech heem. Um halwer 7 kachen ech. Um véirel vir 8 fueren ech an de Cours. Les

Um véierel fir 7 stinn ech op. Ech wäsche mech an ech doe mech un. Um 7 Auer stinn d’Kanner op fir an

d’Schoul ze goen. Um véierel op 7 drénken d’Kanner eng grouss Taass Mëllech. Ech drénke just séier eng

Taass Kaffi. D’Kanner iessen eng Schmier mat Gebeess. Mir ginn aus dem Haus um 20 vir 8 fir an

d’Schoul ze goen. Ech kommen erëm fir richteg Kaffi ze drénken. Da raumen ech d’Haus op. Ech ginn

akafen oder ech maachen eng kleng Visite bei eng Frëndin. Um halwer 11 kommen ech zréck fir ze

kachen. Um halwer 12 ginn ech d’Kanner an d’Schoul sichen. Mir kommen erëm an um véierel op 12

iesse mir. Mir fueren nees um véierel vir 2. Ech kann nomëttes strecken oder heiansdo kachen ech fir owes

wa mir Invitéen hunn. Ech ginn d’Kanner um véierel op 4 sichen. D’Kanner iessen eppes Klenges. Mir

schaffen da fir d’Schoul. Mir ginn duerno spadséieren, fuere mam Vëlo oder der Trottinett. Um 6 Auer

huelen si eng kleng Douche oder ginn an d’Bidden. Um 7 Auer iesse mir. Um 8 Auer ginn d’Kanner an

d’Bett mat enger klenger Geschicht. D’Kanner schlofen um halwer 9. Mäi Mann an ech ginn um 11 oder

halwer 12 schlofen! Emilie

Ech erwäche fënnef vir halwer siwen; ech doe mech un; ech drénken mäi Muerestéi a sinn

um aacht Auer am Büro. Ech sinn Ingenieur. Ech schaffe bei Hitec Luxembourg zu

Hollerich. D’lescht Joer hunn ech mat menge Kollegen eng Antenna fir de Galileoprojet

entworf. Dëst Joer gi mir d’Antenn zu Niederanven „proofbauen“.

Eemol an der Woch, no der Aarbecht, spillen ech Sport; Rugby oder Feld-Hockey, an eemol

an der Woch, Donneschdeg owes, probéieren ech Lëtzebuergesch ze léieren. Dat ass eng schwéier

Sprooch! Charles

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 12 -

Page 13: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

De Weekend. Wann ech net zréck a Frankräich ginn, da profitéieren ech vum Weekend fir méi laang ze schlofen.

Samschdes stinn ech géint 11h op. Ech drénke Kaffi an da ginn ech spadséieren. Meeschtens bleiwen ech zu Esch, mee ech ginn awer och bis op Bieles. An zwou Stonne kann een zimlech wäit goen. Samchdes ass och den Dag fir akafen ze goen. Et muss een de Frigo jo fëllen.

D’Sonndeger gläichen de Samsdeger, mat Ausnahm, datt ech um 9h30 duerch d’Klacke vun der Kierch erwächen. Heisando schlofen ech rëm an, mee et ass seelen. Well Sondes d’Geschäfter zou sinn, ginn ech net akafen, mee ech maachen de Stod. Wann et schéin ass, sëtzen ech mech nom spadséiere goen op d’Terrasse fir ze liesen.

Le week-end. Quand je ne retourne pas en France, je profite du week-end pour dormir plus longtemps.

Le samedi je me lève vers 11h. Je prends un bon petit déjeuner puis je vais faire une balade à pied. Le plus souvent je reste sur Esch, mais aussi jusqu'à Belvaux. En 2h on peut aller assez loin. Le samedi est en général aussi le jour des courses. Il faut bien remplir le réfrigérateur.

Le dimanche ressemble au samedi sauf que je suis réveillée à 9h30 par les cloches de l’église. Il m’arrive de me rendormir mais c’est rare. Comme le dimanche les magasins sont fermés, à la place des courses je fais le ménage. S’il fait beau, après la balade je me mets sur la terrasse pour lire.

En typeschen Dag! (mp3: typeschen Dag Eleni)

Franséisch LëtzebuergeschChaque matin, je me lève à 5h30. Je fais mon gym pour 30min. Je prends mon douche et je bois mon café. A 7h00, je parts en voiture pour mon boulot.

All Mueres erwächen ech um halwer sechs. Ech turnen drësseg Minutten. Ech dusche mech an drénke mäi Kaffi. Um siwen Auer fueren ech mam Auto op d’Aarbecht.

Il y a quelques collègues qui arrivent tôt le matin et il y a des collègues qui arrivent vers 9h. Je préfère aller tôt pour aussi partir tôt le soir.

Et ginn e puer Kollegen, déi mueres fréi kommen an anerer déi géint néng Auer kommen. Ech gi léiwer fréi fir och owes fréi ze goen.

Pendant la journée, il y a des activités de coordination avec l’équipe de développement, l’équipe d’analyse et aussi communication avec le client. Les problèmes sont lies plutôt à la mauvaise compréhension / conflits parmi les différent parties. Je dois aussi réviser des documents et des produits avant qu’ils sont envoyés au client.

Am Dag ginn et Koordinatiounsaktivitéite mat der Entwécklungs- an Analys Équipe, an och Kommunikatioun mam Client. D’Problemer leien éischter bei engem schlechte Verständnes / Konflikter tëschent de Parteien. Ech muss och Dokumenter a Produkter nokucken, éier si bei de Client geschéckt ginn.

Il y a une pause déjeuner, mais quelquefois je préfère de manger seulement un sandwich. Je pars environ à 17h. Quelquefois je vais au super marche. Normalement, je vais à la piscine 2 fois par semaine, mardi et jeudi. J’ai mon cours de luxembourgeois lundi soir.

Et gëtt eng Mëttespaus, awer heiansdo iessen ech léiwer e Sandwich. Ech gi géint fënnef Auer. Heiansdo ginn ech an de Supermarché. Normalerweis ginn ech zweemol d’Woch an d’Piscine; Dënschdes an Donneschdes. Ech hu mäi Lëtzebuergeschcours Méindes owes.

Pendant la semaine, je cuisine des repas qui n’ont pas beaucoup de temps de préparation et c’est pendant le weekend ou on cuisine des vrais repas ; la famille est habituée à ce mode de vie après des années. Je regarde un peu de télé, j’aime des séries policières et je me

An der Woch kachen ech Saachen, déi séier ginn. De Weekend kachen ech richteg; No Joeren ass d’Famill dëse Liewensstil gewinnt. Ech kucken e bëssen Tëlee, ech hu gär Polizeiserien an ech gi géint zéng Auer

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 13 -

Page 14: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Franséisch Lëtzebuergeschcouche vers 22h. schlofen.Voila une journée typique ! Voilà en typeschen Dag! Eleni

All Mueres erwächen ech um zwanzeg vir sechs a maache meng Toilette. Ech drénken näischt. Um sechs

Auer fueren ech mam Auto op d’Aarbecht op de Sennengerbierg. Um halwer siwe soen ech menge

Kollege gudde Moien a fänke mat schaffen un. Ech schaffen an der Restauratioun vun enger Bank. Meng

Aarbecht ass am Dag de kaffi bei d’Clienten an d’Konferenzsäll droen. Mueres preparéieren ech

d’Charcuterie an d’Cruditéiten fir Sandwicher ze maachen, fir de ganzen Dag. Um eelef Auer iessen ech

an um halwer zwielef sinn ech an der Caisse an hëllefe menge Kollegen. Ech ginn um véierel op dräi

heem. Um véier Auer ginn ech zu Fouss mäi Meedchen an d’Schoul sichen. Wa mir doheem sinn, ësst mäi

Meedechen eng Schmier an drénkt a Schoki. Duerno maache mir seng Hausaufgaben. Géint sechs Auer

fänken ech mat kachen un a mäi Meedchen hëlt seng Dusch. Um siwen Auer iesse mir an um aacht Auer

get mäi Meedche schlofen. Mäi Mann an ech schwätzen a kucken e bësse Fernseh. Ech dusche mech a gi

géint eelef Auer schlofen. Isabelle, W2

Wat ass mäi Beruff ? Ech schaffen beim CEPS zënter nonzenghonnertvéieranongzeg. Wéi ech dës Aarbecht ugefaang hunn, war de CEPS nach ganz kleng. Mir ware manner wéi zwanzeg Persounen. Elo si mir méi wéi honnert.Mäi Beruff ass flott. Ech maachen dat, wat ech gär hunn. Ech spille gär mat Statistiken, an hei zu Lëtzebuerg hu mir vill ze maachen, well d’Statistisken an d’Fuerschung an de Sozialwëssenschaften nach net sou entwéckelt sinn. Dat ass stimulant. Mir schaffen dacks mat der Regierung a mat de Ministèren, dat ass riskant a stresseg, mee et ass ganz interessant. Zum Beispill schaffen ech elo um Choix vun der Orientatioun an de Schoule fir Meedercher a Jongen. D’Thema ass: firwat wielen d'Meedercher ëmmer déiselwecht Domänen (literaresch Sektioun) a bal nimools wëssenschaftlech oder mathematesch Domänen. Dat ass eng wichteg Décisioun fir d’zukünfteg Chancëglaichheet tëschent Meedercher a Jongen. Ech hu mäi Beruff gär, well et ass nimools déiselwecht Aarbecht.Zënter engem Joer hu mir eng Conventioun mam Ministère de la Recherche a mir hunn d’Zil, wéi Publikatiounen an international Revuen, wéi Konferenzen ze organiséiren an sou weider. Mir mussen changéiere well am Ufank war dëse Centre e Centre d'études an net e Centre de Recherches.Um Enn vun dësem Joer musse mir op Esch-Belval plënneren.

Meng Aktivitéit beim Ceps/InsteadLëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 14 -

Page 15: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Ech schaffen als Chargée d’Etudes bei

CEPS/INSTEAD zënter 3 Joer. Zënter menger

Astellung, hat ech d’Chance bei ettleche Projete

matzeschaffen. Ech sinn agestallt gi fir menger

Kollegin Claudia a senger Aarbecht fir den

europäeschen Observatoire vun de rassisteschen a

xénophobe Phénomener ze hëllefen.

Mir hu fir dësen Observatoire 2005 eng quantitativ Etude vun der Diskriminatioun zu Lëtzebuerg lancéiert,

an dat mat engem Questionnaire iwwer d’Diskriminatioun am Alldag. 4 auslännesch Gruppe goufe gefrot:

d’Belsch, d’Portugisen, d’Kap Verdianer an d’Yugoslaven. Dat Joer drop hu mir, zesumme mam Claudia a

senge Kollege vum SESOPI, eng Etude iwwer d’Diskriminatioun op der Aarbecht realiséiert, déi sech op

5 Ursaache baséiert, déi een am Gesetzestext fënnt: d’ethnesch Origine, d’Relioun, den Handicap, den

Alter an d’sexuell Orientéierung. Ech hunn d’Situatioun analyséiert iwwer d’Diskriminatioun, déi op der

sexueller Orientatioun baséiert. Dës Etude gouf fir Familljeministère realiséiert. Dëst Joer schaffen ech

weider mam Claudia, un engem anere Projet mam Numm: MIGRAPOL, iwwer d’Perceptioun vun der

lëtzebuerger Politik. Zënter kuerzem participéieren ech och un demographeschen Aarbechten iwwer

d’Famill an d’Familljestrukturen. Dësen Domaine ass méi no bei mengen Universitéitskenntnisser. Ech

spiere mech besser do. (Lucile)

Description de mon travail au C/IJe travaille en tant que chargée d’études au C/I depuis 3 ans. Depuis mon embauche, j’ai eu la chance de contribuer à plusieurs projets. J’ai été recrutée pour aider ma collègue Claudia dans son travail pour l’Obs. européen des Phèn racistes et xénophobes. Ce premier travail que l’on m’a confié consistait à reporter, plusieurs fois dans l’année, et sous des formes plus ou moins longues et élaborées, la situation luxembourgeoise en matière de discrimination fondée sur les origines étrangères. C'est à dire aussi bien les plaintes déposées auprès de la police ou la cours de justice, les actes reportés dans la presse, et les bonnes pratiques mises en place pour lutter contre la discrimination, que ce soit au niveau du secteur public ou privé. En 2005, nous avons mis en place pour cet organisme, une étude quantitative de la discrimination au Luxembourg, à partir d’un questionnaire visant la discrimination dans la vie quotidienne. Quatre groupes d’étrangers ont été interrogés : les Belges, les Portugais, les Cap-Verdiens et les Yougoslaves. L’année suivante, avec Claudia et des collègues du Sesopi-centre intercommunautaire, nous avons réalisé pour le Commissariat du Gouvernement aux Etrangers (Ministère de la famille), une étude sur la discrimination au travail, fondées sur les cinq motifs auxquels les textes de loi … font référence : l’origine ethnique, la religion, le handicap, l’âge et l’orientation sexuelle. J’étais en charge d’analyser la situation en matière de discrimination fondée sur l’orientation sexuelle. Cette année, je continue à travailler avec Claudia sur un autre projet, intitulé MIGRAPOL, portant sur la perception de la politique luxembourgeoise. Depuis quelques temps, je participe également à des travaux démographiques sur la famille et les structures familiales. Ce domaine est plus proche de mes connaissances universitaires. Je m’y sens mieux.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 15 -

Page 16: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

An der Vergaangenheet erzielen – Raconter au passé

Fir d’éischt sinn ech opgestan. Ech hunn d’Zänn gewäsch, hu mech gewäsch, an natierlech hunn ech de

Baart gemaach. Ech hu mech ugedoen. Da sinn ech mam Muppi an de Gaart gaang wou hie seng Aarbecht

gemaach huet. Dann hunn ech de Muereskaffi gedronk; Téi (mat Mëllech an ouni Zocker), Toast oder

Müsli oder Quäcker. Dann hunn ech d’Dier zougespaart, sinn d’Trap erausgaang, hunn de Vëlo aus der

Garage geholl a si mam Vëlo op d’Aarbecht gefuer. – Ech fueren all Dag mam Vëlo op d’Aarbecht! Mike

Wéi ech mäi leschte Weekend verbruecht hunn.

De leschte Weekend war flott fir mech. E Samschdeg de Moien hunn ech mat menger

Colocatairin Kaffi gedronk. Duerno si mir zesummen op d’Foire op de Kierchbierg

gefuer. Do war eng Edelstengaustellung. Op der Foire hunn ech zwou Frëndine getraff:

d’Gabi an d’Valérie. Mir hunn zesummen d’Steng gekuckt. Jiddereen huet e Collier

kaaft. Mäi Collier ass mat Lapis-Lazuli, Turcoise a Grenatsteen. Wéi ech de Collier kaaft

hat, wollt ech e menger Mamm schenken, mee elo denken ech, ech halen e fir mech.

No der Edelstengaustellung si mir mam Valérie op Walfer gefuer, fir d’Bicherdeeg. Mir hu fir d’éischt eng

Taass Téi gedronk mat engem Stéck Kuch. Duerno si mir d’Bicher kucke gaang. Ech war frou dat ech e

Superjemp Buch mat Dedicatioun vum Roger Leiner kritt hunn. Ech fannen d’Bicherfoire ganz flott.

Owes si mir Indesch iesse gaang. Mäi Plat war ze schaarf an ech hunn net vill giess. D’Brout war awer

ganz gutt. No engem ganzen Dag spadséieren a Lëtzebuergesch schwätzen, war ech frou am Kino ze

sëtzen. Mir hunn den James Bond Film gekuckt. Ech mengen et war ze vill Gewalt am Film an den James

Bond war net esou en Gentleman an dësem Film. De Sonndeg, sinn ech mëttes opgestan a war de ganzen

Dag am Pijama. Ech hu gelies, Musik gelauschtert, giess a geschlof. Dat war e perfekte Sonndeg! Ioana

Gudden Owend. E Freideg den Owend sinn ech mat de Frënn an de Kino gaang. Duerno hu mir am

Restaurant giess. Ech hunn 9 Stonne geschlof. Samschded Moied hu mir mat de Kanner an dem Proff Golf

gespillt. Mëttes hu mir doheem giess. Nomëttes hunn d’Kanner d’Aufgab mat mir gemaach an den Alvaro,

dee Klengen, eng Siesta. Déi aner zwee Kanner hunn ech bei Frënn geféiert. Duerno hunn ech mat deenen

anere gespillt. Um halwer siwen hunn ech d’Kanner geduscht an d’Iesse gemaach. D’Kanner hunn d’Zänn

gebotzt an ech hunn hinnen eng Guttnuechtgeschicht gelies. Duerno hu mäi Mann an ech zu Nuecht giess.

Sonndes moies si mir mat de Kanner an d’Mass gaang. Mëttes hu mir doheem giess a nomëttes hu mir

mam Hond an de Vëloen e grousse Spadséiertour an de Bësch gemaach. Owes hunn ech gekacht a mir

hunn zesumme mat de Kanner giess. Wéi d’Kanner am Batt waren, hu mäi Mann ech gelies an duerno si

mir schlofe gaang. Ech hu mech gutt ameséiert. Carmen, W

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 16 -

Page 17: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Meng Vakanz ass net anescht gewiescht wéi och soss eng normal Woch ass. Ech hunn doheem gebotzt a

gekacht, wéi soss och, ech si just net schaffe gaang. Deen eenzegen Dag, deen eng Grimmel anescht war,

war de Méindeg, wéi ech an d’Eisléck war, fir ze reiden. Soss hunn ech mat mengem Jong gespillt, well

ech méi Zäit dofir hat. Ech kann net soen, dass ech fir mäi Lëtzebuergeschcours geschafft hunn !

Damjana,W2

Franséisch LëtzebuergeschSamedi matin, je suis allée à la piscine à pied pour voir de près la neige qui tombait.

E Samschdeg de Moie war ech zu Fouss an d’Piscine fir de Schnéi ze gesinn, dee gefall war.

Dimanche matin, je suis allée avec mon ami pour une promenade dans la forêt de Steinsel.

E Sonndeg de Moie war ech mat mengem Frënd zu Steesel an de Bësch spadséieren.

Il n’y avait pas beaucoup de neige et on n’a pas pris beaucoup de photos.

Et gouf net vill Schnéi a mir hunn net vill Fotoe geholl.

Il faisait froid et mes mains étaient très froides ; on s’est promené presque une heure.

Et war kal a meng Hänn ware ganz kal; mir ware bal eng Stonn spadséieren.

On a rencontré d’autres gens, une famille avec 2 enfants et un homme qui promenait son chien.

Mir hunn aner Leit getraff, eng Famill mat zwee Kanner an e Mann mat sengem Hond.

On a bu un café dans le restaurant qui est situé en face de l’église

Mir hunn e Kaffi am Restaurant vis-à-vis vun der Kierch gedronk.

Quel bonheur de boire quelque chose de chaud !!!

Wat e Gléck eppes Waarmes ze drénken !Eleni, W2

1.24 Comprendre l’essentiel des nouvelles dans le journal télévisé ou à la radio – Dat Wesentlecht an den Neiegkeeten op der Telee oder am Radio verstoen

International News http://news.rtl.lu/news Dalai Lama dreet domadden zréckzetrieden

RTL - 18.03.2008, 16:20

Den Dalai Lama annoncéiert, datt hien als Chef vun der tibetescher Exil-Regierung wëll

zrécktrieden, am Fall wou d'Protester ausser Kontroll géife geroden

Belsch: Endlech eng nei Regierung!

RTL - 18.03.2008, 11:20

D’Belsch huet endlech eng nei Regierung: D’Chrëschtdemokraten, déi Liberal an déi

frankophone Sozialisten hunn sech op ee Koalitiounsaccord geeenegt.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 17 -

Page 18: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

De britesche Realisateur Anthony Minghella ass doud

RTL - 18.03.2008, 16:44

Am Alter vu 54 Joer ass de britesche Realisateur Anthony Minghella gestuerwen. Hien hat

mam Film "The English Patient" 9 Oscare gewonnen.

18. Mär 12:31 Saarbrécken: Peter Müller a J.-C. Juncker kommen zesummen 18. Mär 16:17 Albanien: 17 Doudesaffer bei Explosioun vu Munitiounsdépôt 18. Mär 16:07 Palestinensergebidder gi während dem Purimfest ofgespaart 18. Mär 16:12 Irak: 3 Komplize vum Saddam Hussein sollen exekutéiert ginn 18. Mär 16:14 Philippinen: Handgranat explodéiert zu Manila 18. Mär 11:16 Kosovo: 1. Doudesaffer zu Mitrovica 18. Mär 11:21 De Cours vum Euro läit bei 1,5575 US-Dollar

2 Gérer une conversation – E Gespréich geréieren

2.1 Demander des informations sur la langue – Informatiounen iwwer d’Sprooch froen

faire répéter W.e.g. ! Kënnt Dir de Saz nach eng Kéier widderhuelen.

demander de parler plus lentement Kënnt Dir méi lues schwätze w.e.g.

demander la traduction d’un mot Wat ass « jardin » op Lëtzebuergesch w.e.g.?

Wéi seet een: “J’ai soif” op Lëtzebuergesch w.e.g.?

2.2 Marquer son intérêt – Sech interesséieren

All Mëttwoch Owend ginn ech an de Lëtzebuergeschcours. Ech si frou eng aner Sprooch vum Land ze

léieren. De Proff ass sympathesch. Ech géif och gär Lëtzebuergesch schwätzen. D’Schüler sinn och

sympathesch. (Alberto)

J’aime aller à la piscine; je vais a la piscine 4 fois chaque semaine.

Ech gi gär an d’Piscine; ech ginn all Woch véiermol an d’Piscine.

J’aime visiter les magasins pour les vetements.

Ech gi gär an d’Geschäfter wéinst de Kleeder.

Je m’interesse aux excursions pour me promener et prendre des photos.

Ech interesséiere mech fir Excursiounen fir ze spadséieren an ze fotograféieren. (Eleni)

2.3 Hésiter, gagner du temps … - Zécken, Zäit gewannen

Prof: Moien, haut maache mir eng kleng Kontroll.

Stud: Oh, ech hu kee Pabeier!

Prof: 't ass näischt, ech hu Formluairë fir jiddereen.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 18 -

Page 19: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Stud: Ah ... mäi Bläistëft ass futti. Hues du e Bläistëftspëtzer?

Prof: Neen, awer ech kann dir e Bic ginn. Hei ass en.

Stud: Merci. Oh. E schreift net. Keng Tënt méi.

Prof: Wien huet en anere Bic, w.e.g.?

Stud: Ah!  Kee Problem ... e geet elo.

Prof: Tipp topp. Also, d’Kontroll. Wéivill Auer ass et, w.e.g?

Stud: Oh!  Et ass halwer zéng.

Prof: Oh Mamm. Mir hu keng Zäit méi. Sou. Mir maachen d’Kontroll d’nächst Woch. Mike

2.4 Vérifier sa compréhension – Sécher sinn, dass ee richteg verstan huet

Entschëllegt, hutt dir gesot ….

Kontext : Fir d’Thema « vérifier sa compréhension » hunn ech am Internet en Artikel op Lëtzebuesch gesicht. Op dem Lëtzebuerger Site vu Wikipedia (déi fräi Enzyclopedie), hunn ech en Artikel iwwer d’Lëtzebuergesch Wirschaftsstruktur fonnt, an ech hu probéiert e puer Sätz ze formuléieren, fir meng Compréhension ze préiwen. http://lb.wikipedia.org/wiki/L

%C3%ABtzebuergesch_Wirtschaftsstruktur

Vérificatioun vun der Comprehension vum Artikel:

Wann Ech gutt verstan hunn, presentéiert den Artikel mat der Iwwerschrëft « Lëtzebuergesch Wirtschaftsstruktur » d’Evolutioun vu den dräi grousse Wirtschaftssectoren an de leschten honnertdrësseg Joer (1870-2001).

Gémeiss der Grafik vun der STATEC, ass d’Proportioun vun den aktive Lëtzebuerger déi sech am Déngschtsektor beschäftegten, vun 20% ëm 1870 bis bal 80% am Joer 2001 gewuess.

D’Zuelen vun der STATEC weisen dat Ufank 1980, d’Gewiicht vun der Siderurgie an der lëtzebuerger Wirtschaft zesummegeschrumpt ass. Ass dat korrekt ?

Mengt den Artikel dat d’Lëtzebuerger Wirtschaft mat engem neien Economischen Monolithismus konfrontéirt ass ?

Ech géif gär wissen, op den Artikel soe wëll, dat d’Wirtschafte vun all klenge Länner uni-sectoriel sinn?

2.5 Parler de la pluie et du beau temps – Vum Wieder an aner Saache schwätzen

Ana: Moie Luca Luca: Moien Ana, wéi geet et ?

Ana: O…brrrr….Et geet. D’Wieder ass schlecht. Et ass kal. D’Temperatur geet erof.

Luca: Ech hunn de Wanter an och den Hierscht gär. Ech kann all Dag am Bësch lafen a mam Vëlo fuere wann et net ze waarm ass..

Ana: Mee…. et ass haut fiicht an äiskal! 5 Grad ënner Null! An d’Sonn schéngt net. Den

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 19 -

Page 20: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Himmel ass zou. De Wand bléist mat 90 km an der Stonn.

Luca: Jo, dat ass tipp-topp fir mech fir Sport ze maachen. Et ass net ze waarm. An elo bléist de Wand mat Stéiss. Super! Et gesäit no Schnéi aus! An et gëtt Reen!

Ana: Wat e Wieder! Bei ellenem Wieder bléiwen ech gär doheem. Ech hunn am léifsten de Summer an d’Fréijoer – wann d’Sonn schéngt an et ass waarm, 25-30 Grad oder méi – Hëtztwellen! Et geet och mat klenge Reendrëpsen oder Reeschaueren, a mat e bësse Blëtz an Donner, klenge Wolleken, an e Reebou.

Luca: O nee! Dat ass ze waarm fir mech! Elo ass et fiicht an äiskal. Mir kënnen e Schnéimännche maachen, an am Bësch lafen. An de Wand dréit sech! Loosse mer hoffen, dass d’Wieder esou bleift!

Ana: Ech muss heem goen. Et fänkt u mir kal ze ginn. Ech sinn duerch an duerch naas. Awar Luca. Luca: Awar Ana Agata

2.6 Interrompre - ënnerbriechen

Pardon, däerf ech eng Fro stellen: ech sichen d’Kierch.

Pardon, wou ass d’Kierch w.e.g.

Entschëllegt, ech hunn eng Fro: ech sichen d’Post.

Entschëllegt, wësst Dir wou d’Post ass w.e.g.?

Kontext: An enger Diskussioun:

Neen, ech sinn net d’accord mat iech: dat ass schlëmm.

Stop: dat ass net de Problem.

Entschëllegt, mee ech verstinn är Explikatioun net.

2.7 Gérer une conversation téléphonique – Um Telefon schwätzen

Hallo, hei ass den Hotel Royal. Wien ass do, w.e.g.? Den Hotel Royal. Ass do net 33 55 76? Neen, hei ass

33 54 76. Entschëllegt! Et ass en Iertum. Awar.

Restaurant «Via Appia », bonjour.

Bonjour. Ech géing gär en Dësch reservéirere fir

e Freideg den Owend 7 Auer.

Fir wéivill Persounen?

Fir 5 Leit.

Op wéi een Numm?

Kouba.

Et ass notéiert. Kouba, 5 Persounen, um 7 Auer?

Gitt mir Är Telefonsnummer, w.e.g.

Dat ass den 26-11-90-07.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 20 -

Page 21: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Merci, Madame. Bis e Freideg den Owend. Bis dann, Awar. Cheryl

Emilie: Moien, Emilie R. um Apparat. Kann ech mam José schwätze w.e.g.?

Fra: De José ass net do. Kënnt Dir zréckruffen?

Emilie: Jo, wéini?

Fra: An 10 Minutten. En ass akafen.

Emilie: Villmools merci. Äddi.

(10 Minutte méi spéit)

Emilie: Hei ass d’Emilie, ech sollt zréckruffen.

Fra: De José ass nach net erëmkomm. Kënnt Dir hien um Handy uruffen?

Emilie: Hutt Dir seng Nummer?

Fra: Jo, et ass 621 112233

Emilie: Merci an Awar!

Um Telefon

Artur : Moie Julien. Wéi geet et ?

Julien : Gutt, e bësse midd, mee et geet, an du?

A: Mir geet et gutt, mee meng Mamm ass krank.

J: Ah zut, dat ass d'Wieder. Et ass ze kal.

A: Ma jo. A wéini kënns Du bei mech?

J: Wann ech d’Zäit hunn.

A: En Dënschdeg den Owend?

J: Neen, ech gi schwamme fir den Triathlon.

A: De Mëttwoch?

J: Neen, Mëttwochs ginn ech an de

Lëtzebuergeschcours.

A: En Donnechdeg dann?

J: Och net, da ginn ech och schwamen. An de

Freideg, geet dat?

A: Net fir mech, ech gi fuere fir mäi

Führerschäin.

J: Ah! An de Samschdeg ginn ech lafen an de

Sonndeg fueren ech mam Vëlo.

A: Dat geet ni! A wat maache mir elo?

J: Mee de Samschdeg ginn ech lafe bis 12Auer an

duerno mëttes ...

A: Oh e Wonner. Kënns du direkt fir z’iessen?

J: Dat ass eng gutt Iddi. Ech komme mat enger

gudder Fläsch Wäin.

A: Dat ass och eng gutt Iddi.

An duerno gi mir an der Kino.

J: Tipp topp. Bis e Samschdeg

dann. Julien

2.8 Exprimer mes souhaits quand je fais mes courses – Meng Wënsch ausdrécken, wann ech akafe ginn

An der Epicerie

Client : Moien.

Epicier: Gudde Mëtteg.

Client : Ech hätt gär e Pak Räis w.e.g.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 21 -

Page 22: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Epicier: Jo, voilà Monsieur.

Client : Hutt dir Drauwen ?

Epicier: Ech hutt ganz gutt Drauwen. €2.40 de

Kilo.

Client : E Kilo Drauwen Muskatel w.e.g.

Epicier: Muskatel kaschten €3.90 de Kilo.

Client : Kee Problem, si si fir mäin Noper.

Wéivill kaschten d’Äppel w.e.g.?

Epicier: D’Äppel kaschten €1.80 de Kilo.

Client : E Kilo Äppel w.e.g. Sinn d’Eeër frësch?

Epicier: Jo Monsieur.

Client : Ech kréien dräi Eeër.

Epicier: Dat geet net Monsieur.

Client : Firwat?

Epicier: Ech verkafen se net eenzel. Dir kënnt e

Pak kafen.

Client : E Pak ass zevill, ech hu Cholesterol, ech

kann net vill Eeër iessen. Wat kascht alles

zesummen?

Epicier: E Pak Räis €1.20, e Kilo Muskatel €3.90,

d’Äppel €1.80, alles zesummen €6.90 w.e.g.

Client : Ech hu €50, ass dat e Problem fir iech?

Epicier: Nee Monsieur voilà €43.10 fir iech.

Client : Villmools merci. Äddi.

Epicier: Merci Monsieur an e schéine Mëtteg.

Sinan

Ech ginn an e Vëlosgeschäfft, an ech wëll e roude Vëlo kafen! (Antoine, CEPS)

Client: Moien, hutt Dir e bëllege roude Vëlo,

w.e.g. ?

Verkeefer : Wëllt Dir e Vëlo fir all Dag schaffen

ze fueren, oder ass et fir nëmme Sonndes domat

ze fueren?

Client : Et ass fir all Dag.

Verkeefer: Hei ass e schéinen a séiere Coursvëlo!

E kascht nëmmen €1000.

Client: €1000! Dat ass ze deier. Ech hunn

nëmmen €300.

Verkeefer : Ok, kee Problem, ech hunn och méi e

bëllege Vëlo, awer en ass gréng.

Client : Jo tipp topp, dann huelen ech dee

gréngen !

Verkeefer : An der Rei. Villmools merci.

2.9 Participer à des conversations parlant de sujets d’actualité – Un Aktualitéitsgespréicher deelhuelen

Milliardär mat 24 ! De Marc Zuckerberg, Begrënner vu Facebook

www.facebook.com Et ass eng Homepage fir e soziaalt Netz ze schafen. Do

kann ee Frënn oder Famill erëmfannen, wa si bei Facebook e Konto hunn.

Duerno kann ee säi Goût fir Musik, Filmer an Hobbie matdeelen. Facebook

proposéiert och kleng zousätzlech Programmer. Zum Beispill kann ee Punkte fir

e gudde Film ginn. D’Popularitéit geet an d’Luucht. Facebook gëtt et elo op

Franséisch, spuenesch an däitsch. Awer déi perséinlech Date vu Facebookmembere sinn net ganz

gutt geschützt an dat ass e grousse Problem.

Hei en interessanten Artikel op englesch: http://money.cnn.com/2007/05/24/technology/fastforward_facebook.fortune/index.htm

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 22 -

Page 23: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

D’Gesetz iwwer d’Euthanasie – De Klimawandel – Energiebewosst liewen – D’Gesondheet

Déi 4 grouss Liewensberäicher :

- Eise Kierper, eis Gesondheet, eist Ausgesinn

- Eis Kontakter mat aneren. Eis Famill a Frënn

- Eis Aarbecht, dat wat mir maachen an eis Leeschtung

- Eis Phantasie, eis Dreem, eis Projete fir d’Zukunft, eise Glawen. Dat, wat eis am Liewe

passionéiert.

3 Résoudre des problèmes – Problemer léisen – solve problems

3.1 Demander un renseignement

Wësst Dir / weess Du ... ? Do you know ... ?

Wësst Dir zoufälleg ob ... ? Do you happen to know if ... ?

Wat ass lass? What is going on?

Firwat? Wéivill? Wéini? Why? How much? When?

Kënnt Dir mir hëllefen, w.e.g.? Ech sichen ... (d´Gare)

Can you help me, please? I am looking for ... (the station)

Entschëllegt, kënnt Dir mir soen ob / wéi / wéivill ...

Excuse me, can you tell me if / when / how / how much ...

Entschëllegt, kënnt Dir mir de Wee fir an d’Stad weisen?

Excuse me, can you show me the way to town?

Entschëllegt, wann ech glift, ass hei ... (eng Haltestell no bäi / an der Géigend?) (nach eng Plaz fräi?)

Excuse me, please, is there ... (a bus stop near here / in the area?) (a free place?)

Wat fir e Bus fiert an d´Stad, w.e.g.? Which bus goes to the town, please?

Entschëllegt, ass de Bus scho fort? Excuse me, is the bus gone yet?

Allo, ass do den Hotel Astoria? Hello, is that Astoria hotel? Petra

Um Telefon

Zuchbeamten: CFL, Bonjour.

Client: Moien, ech telefonéiere fir mäin Zuchticket ze préiwen. Ech heesche Julien Tasiaux.

Zuchbeamten: Jo, kee Problem. Ech bräicht äre Gebuertsdag w.e.g.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 23 -

Page 24: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Client: Den 19te Mee 78.

Zuchbeamten: Jo, merci. Ah! Den Zuch a Richtung Paräis, um 8:15, 1t Klass. Ass dat richteg?

Client: Jo, tipp topp. Villmools merci. Äddi.

Zuchbeamten: Awar.

CFL: Moien, mäin Numm ass Sadat. Ech wëll gär mam Zuch muer de Mëtteg op Esch fueren. Wéi fueren

Zich w.e.g. a wat kascht den Ticket w.e.g.?

HIFI: Kënnt Dir mir w.e.g. erklären, wéi eng Optiounen dës Telee huet?

Urgence: Wou ass dat nächst Spidol hei an der Stad w.e.g.?

Gemeng: Wéi eng Pabeiere brauch ech fir mech hei an der Gemeng unzemelle w.e.g.?

Luxair: Kënnt Dir mir soen op muer e Fliger op Belgrad flitt w.e.g.?

3.2 Exposer un problème – E Problem virstellen

Kontext: Am Lëtzebuergeschcours

Ech hunn e Problem. Ech muss an e Cours vun der Chambre des Employés Privés goen. Dëse Cours fänkt

den 20te Februar un an ass Méindes a Mëttwochs vun 18:30 bis 20:30. Ech wees net wat ech maache kann,

well de Lëtzebuergeschcours ass och Mëttwochs vun 18 :15 bis 20:00. Zahra Baradari

Reklamatiounen: Vun der europäescher Verbraucherzentral Tél: 268464607

- Bonjour. Mir hunn iwwer Internet bei shoppingday.de eppes bestallt an hunn dës Wuer ni kritt. Op Emailer

äntwert keen. Wann een do urifft, ass just e Répondeur, mee kee rifft zréck. Wéi kënne mir ons uleeë fir onst

Geld zréckzekréien? (€80)

- Bonjour. Mir hunn de folgende Problem. Eise Jong hat an England eng Wunnéng fir e Joer gelount an do eng

Cautioun ubezuelt. Dës Cautioun gëtt him elo net rembourséiert well d’Agence fënnt dass d’Wunnéng net an der

Rei war, dass si hu missten en Teppech ersetzen, asw. Hir Inspektioun ass gemaach ginn nodeems eise Jong

d’Wunnéng scho verlooss hat, a wor also net bei der Inspektioun dobäi, obschonn hien hinnen 3 Wochen am

viraus matgedeelt hat wéi hien nach an England war. Mir halen eis elo kuerz, mee mir hu selbstversändlech déi

sämtlech Korrespondenz a Photoe vun der Wunnéng beim 1. Anzéien. Merci am viraus fir är Äntwert. Mat

schéine Gréiss, X X

3.3 Exposer un problème de santé – E gesondheetleche Problem virstellen

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 24 -

Page 25: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Beim Zänndoktor,

Dokter: Moie Madame Chimenti, wat ass lass?

Patientin: Moien Doktor, entschëllegt ech hunn a bësse Verspéidung, et war e

grousst Akzident op der Autobunn.

Ech hunn e Problem, ech hunn en Zant wéi zënter zwee Deeg. Ech kann net iessen, net schlofen, an net

schaffen. Ech war Medikamenter an d’Apdikt sichen, mee dat hëlleft net, ech hunn nach wéi. Meeschtens

hunn ech ni Zänn wéi, well ech ginn zwee mol pro Joer bei den Zänndoktor. W.e.g. kennt Dir eppes fir

mech maachen, et ass ganz wichteg. Muer organiséieren ech eng Party doheem, mat vill Leit: 35

Persounen, et ass mäi Gebuertsdaag ! An ech freeë mech drop! Lina, Capellen

Ech si 4 Méint schwanger. Ech spiere mech net ganz gutt. Ech wëll mech

iwwerginn. Mäi Partner hëlleft mir vill. Heiansdo mécht hien näischt. Hien nerft

mech. Hie versteet mech net. Ech schwätzen och net mat him. Meng éischt

Schwangerschaft war méi einfach. Ech hunn Angscht. Ech si beonrouegt. Ech hu

Kontraktiounen an et deet wéi. Mat all Bëbee ass et anescht.

3.4 Demander son chemin – Säi Wee froen

A: Entschëllegt, wéi kommen ech an d’Schoul? B: Dir gitt fir d’éischt riichtaus, um Rond-point no lénks, déi zweet Stooss riets, dann no riets. Wann ech glift. Awar. A: Awar. Cheryl

Kontext : Ech hunn eng Frëndin heem invitéiert. Hatt telefonéiert: hatt kann d’Haus net fannen. Ech erklären de Wee:

Ech: Wou bass du genee ?

Hatt: Ech si virum Cactus zu Bertrange.

Ech: Ok. Du gees d‘Route d’Arlon riichtaus Direktioun Mamer oder Arlon. Bei der Kräizung mat de roude Luuchte gees du riichtaus de Wee erof. Beim éischte Rond-point gees du weider a beim zweete Rond-point gees du riets. Am Quartier gees du déi éischt Strooss riets an du gees riichtaus bis bei eis Hausnummer.

Ech : Ok. Ech gesinn däin Auto. Ech si frou dech ze gesinn. Terryn

Zeechnung:

A: Entschëllegt, Madame! Ech sichen d’Place Vert.

B: Oh, dat ass hei! Dir gitt déi éischt Strooss riets, dann zwanzeg Meter riichtaus, an dann d’Trapp erof direkt lénks.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 25 -

Page 26: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

A: Jo, mee mir si mam Auto. Kënnt Dir mir soe wéi ech fuere muss?

B: Dat ass e bësse méi komplizéiert. Dir gitt fir d’éischt riichtaus, a bei der zweeter Kräizung no riets, da bei der nächster Kräizung nach eng Kéier riets, dann drësseg Meter riichtaus an do ass d’Place Vert op der rietser Sait.

Dräi mol riets. Dat ass liicht. Äddi a merci Madame. Gárdonyi

3.5 Demander un service – En Déngscht froen

Um Telefon:

- Moie Madame, ech heesche Maxime X an ech schaffe fir CEPS zu Déifferdeng, am GEODE Team. Dat

heescht Géographie et Développement. CEPS ass e Centre d'Etudes de Populations, de Pauvreté et de

Politiques Socio-Economiques. Ech wollt froen op Dir e bëssen Zäit hätt fir e Questionnaire iwwer

d’Aarmutt zu Lëtzebuerg. Et ass fir eng kleng Stonn. Dat wier ganz léif.

- Jo, firwat net?

- Wonnerbar, da bis e Mëttwoch um 10 Auer, route de Luxembourg zu Esch.

3.6 Décrire et comprendre le fonctionnement d’un appareil – Beschreiwen a verstoen, wéi en Apparat fonktionéiert

Fir dass d’Maschinn fonktionéiert.

Déi kleng Maschinn, Modell A ass automatesch awer déi grouss Maschinn, Modell B net. Eischtens musst Dir d’Dénge fannen an et umaachen. Passt op ! Net ausmaachen. Dat ass ganz geféierlech. Liest d’Sécherheetsmoossnahmen. Zweetens musst Dir de Knäppchen zéien an dat Déngen dréien. Awer lues. Sou geet den Truc. Drëttens maacht den Dingsbums un. Et voilà ! (Mike W.)

E Waasserkacher

De Stecker an d’Steckdous stiechen. Den Deckel opmaachen. De Behälter mat Waasser fëllen. Den Deckel zoumaachen. Den Apparat umaache mam un-aus Knapp. D’Luucht geet un. Wann d’Waasser kacht geet d’Luucht aus. De Behälter huelen an d’Waasser erausschëdden. Vill Spaass! (Marianne P.)

3.7 Décrire une panne – Eng Panne beschreiwen

Dat ass eng richteg Geschicht vum Dezember 2005. Ech si mam Auto op der A7 vun

Ettelbréck op Miersch gefuer. Hannen am Auto souz mäi Jong (deemools 23 Méint).

Ee Kilometer virum Tunnel huet et –chchrrr- gemaach, a mat 130km an der Stonn. Ech sinn ëmmer méi

lues gefuer bis op d’Standspuer. E Pneu war futti.

Ech hunn der Pannenhëllef telefonéiert, hu meng orange Jackett ugedoen an d’Warndräieck opgestallt. Eng

hallef Stonn méi spéit koum d’Dépanneuse. De frëndleche Mann huet eis mam Auto uewendrop an eng

Garage gefouert, an dat war Spaass fir mäi Jong.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 26 -

Page 27: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

De Pneu war futti, de Gummi banne war nëmmen nach Äschen. En Nol hat sech an de Pneu gebuert. Well

mir sou grouss Pneuen hunn, ass et immens schwéier, dass d’Garage e Pneu op Lager huet. En Ersatzpneu

hu mir net méi am Auto. Mir hate Gléck, well war nach en ale Summerpneu iwwreg an et war kee Schnéi

op der Strooss. Sou konnte mir mam Ersatzpneu lues heemfueren. Wat war dat en Abenteuer! Kerstin

4 Exprimer des émotions, des sentiments, des opinions – Emotiounen, Gefiller a Meenungen ausdrécken

« Mir wëlle bleiwe wat mir sinn », oder : Wéi wichteg et ass, entspaant ze sinn

Hautdesdaags ass een hei an Europa ëmmer méi versicht ze gleewen, datt eis Welt vill méi markéiert gëtt

vun Angscht a Stress wéi vu Liewensfree a Serinitéit. Dëst Gefill ass éischter iwwerraschent wann ee

bedenkt, datt et ons reng finanziell vill besser geet am Verglach mat virun honnertfofzeg Joer, wéi déi

meeschte Leit Dag fir Dag mat der Aarmutt konfrontéiert waren. Menger Meenung no, huet dat vill doe

mat der Tatsaach, datt eis Welt sou séier changéiert während de Mënsch « dobannen » sech net upasse

kann. Dat schaaft onvermeidlech eng Spannung, déi dacks zu Angscht a Stress féiert. Zousätzlech ass een

duerch d’Medie stänneg der Reportage vu Gewalt a Konflikter ausgesat wéi wann d’Ereegnesser bannen

am eegenen Haus geschitt wieren.

Wéi kënne mer dëse Problem léisen ? Et läit op der Hand, datt mir ons géint d’Gefill vun Angscht a Stress

wiere mussen, soss gi mer krank. Et schéngt besonnesch wichteg, dat mir alles méi lues maachen an datt

mer ons Zäit loossen, eis ze konzentréieren op Saachen, déi Spaass maachen : mat Frënn ze schwätzen,

spadséieren ze goen, Witzer z’erzielen, ze laachen, d’Natur ze bewonneren – an engem Wuert, d’Liewe

mat alle Sënner ze genéissen. Am Fong geholl, wann e Mënsch glécklech ass, geet et der ganzer Welt e

bësse besser. (Michael B.)

4.1 Faire des compliments

Am Lëtzebuergeschcours: Tipp topp ! Dir schwätzt scho ganz gutt! Weider esou! Gutt Aarbecht ! Du bass haut gutt gelaunt!

Nom Iessen : Et huet gutt geschmaacht. Et war ganz gutt. Ech hu ganz gutt giess.

Am Kleederbuttek: Dee Rack geet dir ganz gutt. D’Jackett sëtzt wonnerbar.

4.2 Exprimer une émotion (a. satisfaction, b. inquiétude, c. soulagement, d. colère, …)

a. Ech si ganz zefridden. De Film huet eis gutt gefall!

b. Oh Mamm oh Mamm. Ech maache mir Suergen.

c. Ech sinn erliichtert. Gott sei Dank.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 27 -

Page 28: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

d. Ech si rosen. Ech si béis. Nondikass. Ech si schwäiwëll.

4.3 Exprimer un sentiment (a. joie, b. tristesse, ...)

a. Ech si frou. Ech si glécklech. Et ass ganz flott. Ech spieren mech gutt. Ech fillen mech gutt.

b. Ech sinn traureg. Ech si bedréckt. Ech sinn net gutt gelaunt. Ech si rosen. Ech sinn dépriméiert.

4.4 Parler de ses gouts

Däitsch: Hallo Nachbar. Wie geht’s ? Wie war Euer Urlaub ?

Lëtzebuergesch: Moien Noper. Wéi geet et? Wéi war är Vakanz?

Super, leider zu kurz aber wir haben viel gesehen.

Ganz flott, vill ze kuerz awer mir hu vill gesinn.

Ihr mögt Abenteuerurlaub, oder? Hutt Dir gär Abenteuer-Vakanz?

Ja, wir mögen gern neue Länder und Kulturen lernen und wir lieben den Kontakt zu den Einheimischen.

Jo, mir hunn gär nei Länner a Kulturen a mir si frou Kontakt ze hu mat de Leit déi do wunne wou mir an d’Vakanz ginn.

Wir mögen auch gern ferne Destinationen, bevorzugen aber den Strand und die Ruhe.

Wir sind keine grossen Abenteurer und können uns nicht vorstellen, zum Beispiel eine Trekkingtour mit dem Rucksack zu machen.

Mir reesen och gär ganz wäit ewech, mee mir hu léiwer d’Plage an d’Rou.

Mir si keng grouss Abenteurer a kënnen eis net virstellen z.B. mam Rucksak en Trekkingtour ze maachen.

Naja, jedem sein Geschmack. Auf jeden Fall einen schönen Urlaub.

Sou ass dat, jiddereen huet säi Goût. Jiddefalls eng schéi Vakanz.

Bis bald. Bis geschwënn. Daniela P.

4.5 Se plaindre – sech beschwéieren – to complain

Client: Moien! Ech mech leider iwwer mäi Rappel beschwéieren, deen dir mir den 21. September geschéckt hutt. Dat ass ëmmer dat d’selwecht mam Leo. Ech hunn är Rechnung bezuelt, mee ech kréien nawell ëmmer erëm e Rappel.

Leo: Dat ass eng Reklamatioun fir d’Stad Lëtzebuerg, net fir eis. D’Stad schéckt déi Rechnungen.

Client: Mee ech hu mech scho bei hinne beschwéiert, a si hu gesot, ech misst bei iech froen.

Leo: Neen, dat ass onméiglech, dir hutt bestëmmt är Rechnung net bezuelt, gitt mir emol är Clientsnummer, an ech kucke wat lass ass.

Client: Meng Nummer ass AB12345.

Leo: Merci. Eng Minutt Gedold w.e.g.

Zeng Minutte méi spéit…

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 28 -

Page 29: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Leo: Moien, wéi kann ech iech hëllefen?

Client: Ech hu scho gesot, ech kréien ëmmer erëm Rappellen…

Leo: … Ah jo! Ech erënnere mech elo. Dir hutt zwee Joer d’Rechnung vun der Madame Ebert bezuelt. Si war är Nopesch an den Elektriker hat de Stroumzähler schlecht installéiert. D’Madame Ebert huet och fir iech bezuelt.

Client: Ah jo? Ma dat ass gutt, dat heescht meng Rechnung ass bezuelt! Merci villmols!

Leo: Gär geschitt, Leo ass ëmmer fir iech do!

Client: Awar!

Leo: Nach e schéinen Dag! Aleksandra an Dennis, Walfer 3

Ech mussen soen dass d’Wieder zu Lëtzebuerg net agréabel ass. Am Wanter ass et ganz kal an ech hunn d’Impressioun dass e 6 Méint dauert. De Summer ass ganz kuerz an net waarm. En fait, hätt ech gär dass de Summer d’ganzt Joer dauert. Vera B.

Beetebuerg, 12te Juli 2009

Dir Dammen an dir Hären,

Ech hunn an Ärem Reesbüro meng Vakanz zu Catolica (Italien, 01–10 Juli) gebucht. Ech hunn am Park Hotel Kursaal (3 Stären) en duebelt Zëmmer mat Vollpensioun reservéiert an och bezuelt. Leider, wéi ech ukoum, huet op mech eng béis Iwwerraschung gewaart – keen Zëmmer. Ech hunn Äre Büro ugeruff, mee keen huet geäntwert. Fir en anert Zëmmer ze fannen hunn ech ganz vill Zäit verluer. No laanger Sich hunn ech endlech eent fonnt, awer nëmmen am 4 Stären Hotel Atlantic Rivera (D’Rechnung hunn ech bäigeluecht). Sou eppes sollt net geschéien! Dat huet mech och vill ze vill Opreegung gekascht.

Ech verlaangen dass dir mir dës Rechnung zréckbezuet an eng Entschiedegung fir dëse Fall. Ech erwaarden eng positiv Äntwert. Mat beschte Gréiss, Danuta R.

4.6 Exprimer son opinion et donner son avis – Seng Meenung soen

Ech denken dass jidderen eppes maachen kann, fir d’Ëmwelt ze verbesseren, wéi zum Beispill mam Bus op d’Aarbecht fueren, seng Offäll triéieren (sënneren) eng Dusch huelen amplaz d’Bidden an ökologesch Produkter kafe wann et méiglech ass. Dat ass meng Meenung. Vera N.

Zu Lëtzebuerg schwätze mir vill Sproochen : Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. D’Léit déi hei gebuer

sinn, hu méi Méiglechkeeten eng besser Aarbecht ze fannen hei am Land oder am Ausland, well vill Leit

schwätzen och Englesch, Spuenesch, Italienesch oder Portugisesch.

Ech denken dass et ganz schwéier fir d’Immigranten ass, sech z’integréieren, well si

mussen eng vun den dräi Sproochen hei zu Lëtzebuerg léieren. Ech mengen

td’Portugise léiere méi einfach Franséisch an d’Englänner si vläicht besser am

Däitschen. Wa mir déi dräi Sproochen net beherrschen (maîtriséieren), si mir am

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 29 -

Page 30: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

professionnelle Beräich limitéiert, well zu Lëtzebuerg op villen Aarbechtsplazen dräi oder méi Sprooche

verlaangt ginn. Clara, W3

4.7 Faire des comparaisons

An der Garage : Mäi Peugeot ass méi staark wéi däi Renault.

Am Lëtzebuergeschcours zu Walfer: Jonge si méi flott wéi Meedercher. De Klaus ass manner gespréicheg wéi d’Sophie.

Dobaussen: Haut ass et net sou waarm wéi gëschter.

Op der Tankstell: Bensin a Masout si manner déier hei zu Lëtzebuerg wéi an der Belsch.

Zu Walfer beim Bäcker: Zu Gasperech ass ëmmer méi lass wéi zu Walfer.

Am Bistro: D’Meedercher vu Lëtzebuerg sinn esou flott wéi déi aus der Ukraine. Rony , Jan 21st 2008

4.8 Indiquer mes préférences

Transport : Ech fuere gär mam Zuch. Ech fuere léiwer mam Velo. Ech fueren am léifste mat der Trottinette.

Iessen an Drénken : Ech iesse gär Cordon bleu, Paschtéit mat Fritten an d’Zalot, Chicken Tika a Curry mat Kokossnoss.

Fräizäit : Ech philosophéiere gär, ech diskutéiere gär iwwer de Sënn vum Liewen. Ech gi gär an de Kino. Ech hunn Humor ganz gär an ech laache gär. (Gad Elmaleh, frères Taloche, Shirley an Dino, two Ronnies, John Cleese)

Aarbecht : Ech schaffe gär mat Leit.

Meng Preferenze fir Transportmëttel

Fir op d’Aarbecht ze goen hunn ech kee Choix : ech muss mam Auto fueren. Mir hu kee Bus fir op Déifferdeng, mir hu keen direkten Zuch (ech mengen dat déi eenzeg Solutioun ass (wier), op Diddenuewen ze fueren, an d’Stad an dann op Déifferdeng ze fueren, vläicht ronn 2 Stonnen, all Dag an d’selwecht fir heemzegoen). A fir mam Vëlo oder mat de Rolleren ze fueren, dat ass ze wäit.

Déi eenzeg Solutioun fir mech ass de Covoiturage (well ech hu Kollegen, déi bei mir wunnen), mee ech fänke mueres fréi un, an dat ass flott a roueg op der Strooss fir op d’Aarbecht.

Ech fuere gär mam Auto. Dat ass e flotte Moment fir mech ; mam Radio kann ech Informatiounen, Musik lauschteren an dacks preparéieren ech mäin Aarbechtsdag. Heiansdo hunn ech gutt Iddi fir meng Aarbecht wann ech fueren. Ech fueren eng hallef Stonn an dat ass ni ze laang.

A menger Fräizäit ginn ech léiwer zu Fouss spadséieren oder ech fuere mam Vëlo. Mir wunnen bei der Musel a mir hu flott Weeër, déi roueg sinn an net ze schwéier fir d’Kanner.

An der Vakanz mat de Kanner fueren ech am léifste mam Auto, mee ouni Kanner fueren ech léiwer mam Zuch (oder ma sécher) awer natierlech mam Flieger wann et wäit ass. (Blandine, CEPS)

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 30 -

Page 31: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

4.9 Philosophie de vie – Liewensphilosophie, Iwwerzeegungen

Et gëtt kee Wee fir bei d’Gléck. D’Gléck ass de Wee.

Et gesäit een nëmme gutt mam Häerz, dat Wesesenlecht ass onsichtbar fir d’Aen.

On ne voit bien qu’avec le Coeur, l’essentiel est invisible pour les yeux. (Saint Exupéry)

D’Nächsteléift fänkt bei sech selwer un.

Ech sinn iwwerzeegt, dass de schéinste Cadeau fir Kanner vill Léift an eng gutt Erzéiung ass. Ech kann net

wierklech glécklech sinn, wann ech Freed net mat Aneren deelen. Ech kann net vu Leed wëssen oder et

gesinn, ouni ze versichen ze hëllefen. Duerfir sinn ech ëmmer mat karitativen Aktiounen aktiv. Carmen

4.10 Exprimer son accord avec l’opinion d’autrui

Ech si frou, dass et elo verbueden ass, am Restaurant ze fëmmen.

Ech si frou; am Restaurant duerf een elo net méi fëmmen.

Ech si frou; et ass net méi erlaabt, am Restaurant ze fëmmen.

4.11 Exprimer son désaccord avec l’opinion d’autrui

Mäi Mann wëllt gär an Däitschland wunnen, well do d’Präisser vun den Immobilie vill méi niddereg sinn

wéi zu Lëtzebuerg. Domat sinn ech net d’accord an ech heifir virun allem dräi Grënn:

- D’Kanner sinn un d’lëtzebuerger Schoulsystem gewinnt. - Den Aarbechtswee wier vill méi wäit.

- Mir hu vill Frënn zu Walfer. (Andrea)

4.12 Se justifier

... … … …

5 Face à l’administration, à la vie publique – D’Administratioun, d’ëffentlecht Liewen

… … …

5.1 A la commune – An der Gemeng

Kontext : An der Gemeng vu Mamer

Gemengebamten: Moie Madame, wéi kann ech iech hëllefen?

Awunnerin: Ech komme mech op d’Gemeng umellen, well ech si grad eréischt geplënnert.

G: Da sot mir w.e.g. fir d’éischt emol ären Numm.

A: Ech heesche Milena K.

G: An äre Gebuertsdag?

A: Den 10ten Abrëll 1952 zu Slunj a Kroatien

G: Wéi ass dann är nei Adress?

A: 1, route d’Arlon op der Cap

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 31 -

Page 32: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

G: Wunnt Dir aleng do?

A: Neen, mat mengem Mann, dem K Petar a mengem Bouf, dem K Zarko.

G: Hutt Dir nach aner Kaner?

A: Jo, eng Duechter, mee hatt wunnt net méi bei eis.

G: Wat ass dann äre Beruff?

A: Ech sinn an der Pensioun.

G: A wat schafft äre Mann an äre Bouf?

A: Mäi Mann ass Zänntechniker a mäi Bouf ass zu Stroossbourg op der Uni.

G: Sou Madame, hei hutt Dir ären neien Certificat de résidence.

A: Merci, dat ass jo séier gaangen.

G: Gär geschitt. Äddi an e schéinen Dag.

A: Merci, Iech och.

5.2 Répondre, réagir à une annonce (offre d’emploi, location, …)

… … … …

5.3 Donner des précisions sur son activité professionnelle

Meng Aarbecht besteet doranner dass d’Cliente Lëtzebuergesch Produkter kenneléieren a schätzeléieren.

Et ass méiglech relativ séier z’iessen, mat Freed z’iessen a gesond z’iessen. Ech wëll dem industriellen Drock entgoen fir eng Faarf, e Geroch, e Goût an eng Form ze fannen, déi interessant sinn.

Meng Aarbecht ass et, dat alles op engem Teller, Glas an an der Taass ze presentéieren. (Pascal)

D’Organisatioun vu mengem Aarbechtsdag. Ech stinn um halwer aacht op. Um véierel vir aacht drénken

ech e gréngen Téi. Ech iessen eng Tranche Brout mat Botter an Ingwer. Ech drénken och en Zitrounejus an

e Läffel Olivenuelech. Ech fuere mam Bus op d’Aarbecht um aacht Auer néng an zwanzeg.

Ech maache moies keng Kaffispaus awer ech drénken Kaffi iwwert der Aarbecht. Um véier Auer mëttes

maachen ech eng Waasserpaus. Ech hu keng regelméisseg Zäit fir d’Mëttegiessen, ech iessen dacks

nëmmen eppes klenges. Ech schaffe bis siwen Auer.

5.4 Prendre rendez-vous

Patient: Moien, hei ass den Här Lanscotte. Kann ech mat der Doktesch Diane Lifreg schwätze w.e.g.?

Sekretärin: Si ass besat. Wëllt Dir eng Noriicht hannerloossen?

Patient: Neen, ech brauch e Rendez-vous awer ech ruffen zréck.

Sekretärin: Ech sinn d’Sekrätarin vun Doktesch Lifrieg. Dir kënnt e Rendez-vous kreien ouni d’Doktesch Lifrieg ze stéieren.

Patient: Oh Mamm jo, ech hu vergiess!

Sekretärin: Ech hunn nach eng Plaz fräi haut um 14h30. Passt et?

Patient: Ee Moment, ech kucke mäin Agenda. Hmm … jo an der Rei!

Sekretärin: Gutt.

Patient: Äddi.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 32 -

Page 33: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Sekretärin: Äddi Här Lanscotte, bis herno. Benoit

5.5 Se présenter à un rendez-vous

Moien, Mäin Numm ass Manuela. Ech hunn e Rende-Vous beim Dr Henri. De Rendez-vous ass fir halwer

sechs fixéiert. Et ass den éischte Rendez-vous. Fir mech ass et praktesch bei iech ze kommen. Ech wunnen

1 Minutt vun hei.

5.6 Remplir un formulaire

… …

5.7 Contrôle technique

D’gro Kaart, d’Assurance an de C______ t________ w.e.g. ! … 23€ w.e.g. !

Winker, … hannen, … vir, … riets, lénks. D’Luuchten umaachen, … D’Niwwelluuchten, … déi aner Säit,

… déi grouss Luuchten (d’Pharen), …

Kënnt Dir weiderfueren ! De Motor lafe loossen. … Rückgang … Motor ausmaachen, … de Capot

opmaachen, …, … d’Foussbrems drécken.

Kilometerstand ? alles ausmaachen. ... Dir musst waarde bis dee fort ass, … e bësse weider.

Klammt eraus w.e.g. ... W.e.g.! Merci, Äddi. (Brmm, brmm)

6 Questions d’argent – Froe vu Suen

6.1 A la banque

Rony. An der Bank

Ouvrir un compte bancaire: Ech géif gär e Konto opmaache w.e.g.!

Changer de l'argent Ech géif gär 100 Euro an Dollar wiesselen. Wat ass de Wiesselcours vun haut w.e.g.?

Retirer de l'argent Ech géif gär 500 Euro vun dësem Kont ophiewe w.e.g.

Ech hiewe gär 100 Euro vu mengem Kont op w.e.g.

Utiliser une carte Kann ech mat der Kreditkaart bezuelen ?

Demander un relevé de compte Kann ech e Relevé vu mengem Kont kréie w.e.g.?

Kann ech en Iwwerbléck vu mengem Kont wësse w.e.g.?

Contester un relevé Ech mengen et gi Problemer mat mengem Kontosauszuch.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 33 -

Page 34: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

6.2 A la poste

José Pierre An der Post

Bonjour, Je dois envoyer ce courrier en Allemagne, en France et en Belgique.

Bonjour. Ech muss dëse Courrier an Däitschland, Frankräich an an d’Belsch schécken.

Pouvez-vous me dire quels sont les timbres que je dois appliquer à chaque lettre ?

Kënnt Dir mir soen, wéi eng Timberen op d’Bréiwer kommen ?

Avez-vous des séries de timbres de collections S.V.P.

Hutt Dir Serie vun Timbere als Kollektioun w.e.g. ?

Quand arrivera cette lettre pour la France S.V.P.? Wéini kënnt dëse Bréif a Frankräich un w.e.g. ?

Je vous dois combien d’€ Monsieur ? Wat kascht dat ?

6.3 Am Supermarché

Ech gi mam Bus an de Supermarché. Ech kommen dohiner un an ech hunn eng Fro. Ech froen an der Information no.

P: Wann ech gelifft, wou ass de Rayon vun der

Charcuterie? Verkeefer: Also, Dir gitt riichtaus an dann nom Kéisrayon lénks.

P: Villmols merci.

Verkeefer: Et ass gär geschitt

Um  Rayon ukomm ;

P: Ech hätt gär siwe Scheiwe Bauerenham an honnertfofzeg Gramm geschnidde Salami w.e.g.

Verkeefer: Ok, a soss nach eppes?

P: Nee merci, dat war alles! Scheinen Dag nach.

Verkeefer: Merci gläichfalls.

P: Ech well och nach e Vëlo kafen.

Verkeefer: Dat ass niewendrun!

P: Merci.

Am Vëlosrayon:

P: Bonjour, ech sichen e Vëlo. Wéi eng Faarf kënnt Dir recommandéieren?

Verkeefer: Gro mat wäiss getëppelt ass besser wéi giel mat rosa gesträift!

Ech gi bezuelen. Et si vill Leit bei der Keess dat hescht ech muss waarden.

P: Kann ech mat der Kreditkaart bezuelen?

Verkeefer: Majo sécher!

Ech huelen de Bus fir heem ouni Velo (awer mat Schong).  

Pascal

6.4 Dans une boutique

Am Kleederbuttek

V : Moien, Madame, wat kann ech fir Iech maachen ?

C : Moien, ech hunn e Reenmantel an der Vitrine gesinn, awer ech hatt e gär am, hellgréng well et ass dëst Fréijoer an der Moud.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 34 -

Page 35: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

V : Dir kënnt deen hei umoossen, an der Zaït telefonéieren ech op Miersch. Do hu mir och e Buttek. Wéi eng Taille hutt Dir?

C : Zweeavéierzeg.

V : Zweeavéierzeg, jo hei ass 42, w.e.g. kommt, ech weisen iech d’Kabinn.

(5 Minutte méi spéit.)

C : En ass gutt, awer ech hatt gär hellgréng. Ech hunn nach eng Fro: woumat waschen ech d’Kleed?

V : Mat drësseg Grad an der Waschmaschinn.Ee Moment, w.e.g ?

(Um Telefon) ...Allo, hei ass d’Lilo, moien, hutt Dir nach e grénge Reenmantel Taille 42, marque Bien Vêtue, w.e.g ?…Jo, ganz gutt, kënnt Dir mir liwweren ?

Voilà, Madame, de Reenmantel ass haut den Nomëtteg disponible.

C : Ech si frou, awer ech ka muer de Moien kommen.

V : En ass reservéiert fir Iech.

C : Ech brauch och en Hutt, verkaaft Dir der ?

V : Neen, awer net wäit vun hei an der Strooss ass e Bijoux an Accessoiresbuttek. Ech si sécher, dass si Iech hëllefe kënnen.

C : Da kommen ech muer mam Reenmantel fir ze kucken op d’Faarf passt. Bezuelen ech en Akont?

V : Neen, et ass net néideg.

C : Merci an äddi.

V : Äddi, Madame, an e schéinen Dag. Sabine

6.5 Dans un taxi (indiquer la destination, demander le prix de la course, payer, contester, …)

Cliente : Moien ! Kënnt Dir mech op Begge féieren ! (W.e.g.)

Taxichauffer : Klammt era Madame !

(Ech kenne Lëtzebuerg net gutt. Während der Fahrt kucken ech zur Fënster eraus. D’Landschaft ass schéin a gréng.)

(E puer Minutte méi spéit:)

Taxichauffer: Mir sinn ukomm!

Cliente: Wéivill kascht et?

Taxichauffer: €125 w.e.g.

(Ech ginn aus dem Taxi awer ech sinn net frou. Hei ass et vill méi déier wéi zu Paräis.) Sophie

6.6 Am Restaurant

Doheem, owes, hunn ech wëlles en Dësch an engem Restaurant ze reservéieren. Ech huelen also den Telefon a ruffen am Restaurant un.

- Restaurant Riviera, Gudden Owend.

- Gudden Owend, hei ass d’Marianne Perroni. Ech géing gär en Dësch reservéieren, muer den Owend um 8 fir véier Persounen.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 35 -

Page 36: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

- Momentchen, ech kucken. Jo, dat geet. Wéi en Numm w.e.g.?

- Perroni.

- An der Rei. Da bis muer. Merci.

- Awar

- Awar Madamm.

Am Restaurant Riviera

- Gudden Owend

- Gudden Owend, Dir Dammen an Dir Hären. Hutt Dir Plaze reservéiert?

- Jo, op den Numm Perroni.

- Da kommt mat mir w.e.g. De ronnen Dësch bei der Fënster ass fir iech.

- Schéin, merci.

- Wëllt Dir vläicht en Aperetif?

- Véier mol eng Coupe Schampess w.e.g.

- Kënnt direkt. Ech ginn iech d’Menüskaarten.

(No e puer Minutten)

- Voilà, äre Schampess. Wëllt Dir scho bestellen?

- Gär. Mir huelen alleguer de Menu de Saison; zweemol d’Geméiszopp an zweemol de Velouté de tomates. Als Haaptplat véiermol den Hirschgulasch.

- Ass notéiert. Hätt Dir gär Wäin?

- De roude Wäin vum Haus, an der Fläsch w.e.g.

- Gudde Choix, merci.

(No 15 Minutten)

- Passt op, d’Tellere si waarm. Ech wënschen iech e gudden Appetit.

- Merci.

(No 15 Minutten)

- Huet et geschmaacht?

- Tipp topp.

- (No 5 Minutten)

- Voilà den Hirsch. Et kommen nach Nuddelen an Zalot dobäi. Loosst iech et gutt schmaachen.

- Merci villmools.

(No e puer Minutten)

- Kënnt ech iech als Dessert Glace mat waarmer Framboisezooss virschloen? Oder Dir kënnt tëschent Äppelkuck an Dame Blanche wielen.

- Dann eemol Glace mat Framboisezooss an dräimol Äppelkuch. Wär et méiglech de Kaffi direkt matzervéiert ze kréien?

- Selbstverständlech.

(No e puer Minutten)

- Kënnt Dir ons w.e.g. d’Rechnung ginn?

- Dir hutt Chance, haut braucht Dir net ze bezuelen.

Mike B, am Restaurant La Pyramide, Gonderange www.eurohotel.lu

Meng Fra an ech sinn d’lescht Woch an e Restaurant op Gonnereng gefuer, wou eis de Menu du Jour vu Frënn recommandéiert ginn ass. Wéi mir ukomm sinn, war et halwer eng, a mir hate keng Plaz reservéiert. Mee glécklecherweis waren net vill Clienten do, dofir hu mir séier en Dësch nobeim Agank fonnt. E Garçon ass direkt un eisen Dësch mam Menu komm. Dunn ass dëst Gespréich geschitt:

De Garçon: Gudde Moien! Hei ass de Menu. Ech kann iech de Menu du Jour häerzlech uroden.

Ech: Merci villmools. Wat steet um Menu?

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 36 -

Page 37: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

De Garçon: Als Entrée hutt Dir d’Wiel tëschent enger Geméiszopp an enger Vermischelszopp. Duerno, als Haaptplat hu mir entweder de Rëndsfilet mat Gromperepuré oder de Kabeljau mat enger Béchamelszooss a Räis. Dat kascht zesummen €9.70

Meng Fra: Dat ass e gudde Präis. Ech hätt gär d’Geméiszopp an dann de Kabeljau, wann ech glift.

De Garçon: An der Rei Madame. An Dir, mäin Här?

Ech: Jo, ech hätt gär d’Vermischelszopp an duerno de Rëndsfilet. Kënnt Dir eis och d’Wäikaart matbréngen?

De Garçon: Natierlech. Iwwerdeems ech d’Lëscht bréngen, kënnd Dir bie de Buffet goen, fir d’Zopp ze huelen. Gudden Appetit!

Nom Iessen:

Ech: D’Rechnung w.e.g. Ass de Service abegraff?

De Garçon: Jo, huet alles gutt geschmaacht?

Meng Fra: Jo, alles war wierklech ausgezeechent.

De Garçon: Et freet mech. Hei ass d’Rechnung.

Ech: Merci villmools. Ech géing gär mat der Kreditkaart bezuelen. Geet dat?

De Garçon: Dat ass kee Problem. Ech komme gläich zréck.

Meng Fra an ech: Mir kommen och ganz bestëmmt zréck.

6.7 A l’hôtel

6.7.1 Demander la confirmation d’une réservation

6.7.2 Demander des précisions sur les prestations

6.7.3 Se renseigner sur les curiosités touristiques

7 Faire un récit, un exposé – En Exposé maachen

7.1 Raconter un événement – Eppes erzielen, wat geschitt ass

An der Ouschtervakanz sinn ech a mäi Jong an den Centerpark zu De

Voosemere gaangen. Op der Autobunn war vill Schnéi. Fill Autoen a

Camione ware blokéiert. Mir hunn dräi Kilometer an enger Stonn

gemaach. Et ass komesch dass et am Abrëll schneit. Mir sinn ongeféier um

zwielef Auer ukomm. Mir si véier Deeg am Centerpark bliwwen. Mir sinn

all Dag an d’Schwämm an an d’Sauna gaang. Do war et schéi waarm. (Béa, Walfer 3, 07-08)

Op der Aarbecht.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 37 -

Page 38: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Moien, ech heeschen Teresa an ech schaffen an der Stad an engem Huttbuttik. Mir hunn ee ganz schlëmme

Cient, deen all Woch mat sengem Hutt kënnt. Eng Kéier ass en ze kleng, an d’nächst Woch ass en ze

grouss. All deen Zodi1 ass elo schonn dräi Joer amgaang. Et ass awer e ganz léiwe Mann, mee mat der Zäit

ass et e bëssen ustrengend. Mee dat ass normal, hien ass ....

7.2 Parler de sa vie

Ech sinn d’Judith, ech wunnen zu Bourglënster mat mengem Mann a mengen dräi Kanner. Ech sinn

Hollännerin an ech hunn am Conservatoire zu Utrecht fir Pianosproff geléiert. E Conservatoire an Holland

ass anescht wéi zu Lëtzebuerg; et muss een scho gutt spillen kënnen an en Examen maachen ier een do

studéiere kann. An dësem Ament spillen ech net souvill, well ech net souvill Zäit dofir hunn, mat mengen

3 Kanner. Awer ech hoffen datt ech d’nächst Joer méi Piano spille kann, vläicht och mat Sänger oder mat

anere Instrumentalisten (z.B. Gei, Flütt oder Cello).

Mäin Numm ass Brigitte.Ech wunnen zu Gonneréng, an am Moment bekëmmeren ech mech ëm meng

Famill. Ech hu fir Coiffeuse a Maquilleuse geléiert. Ech si bestuet mam Nico, dee Lëtzebuerger ass. Ech

sinn am Land vum gudden Iessen a Wäi gebuer, zu Amiens a Frankräich. Mir hunn zwee Bouwen, een huet

véieranzwanzeg Joer an dee jéngsten zwanzeg Joer. Meng Hobbie si Bastelen, an den Theater an an de

Kino goen, Concerte lauschteren, Nordik-Walking, Shopping an op d’Rees goen soubal et méiglech ass.

An zwar am léifsten op Korsika, Südfrankräich oder an d’Bretagne.

Ausserdeem interesséieren ech mech ganz vill fir international Kichen an déi mat Frënn un engem Dësch

ze genéissen. Meng Devise ass: „D’Nächsteléift fänkt bei sech selwer un“

Mäin Numm ass Charles. Ech sinn Englänner. Ech sinn 1961, doheem zu “High Cross”, engem klengem

Duerf 100km nördlech vu London, gebuer. Véier Joer hunn ech do gewunnt, a meng Schwëster ass och do,

doheem, gebuer.

Vun 1964 aus un hu mir zu Dublin an Irland gewunnt (1961 sinn mir zu Dublin an

Irland wunnen gang). Meng zweet Schwëster ass zu Dublin gebuer an dofir ass si

Irlänerin. Mäi Papp, meng zwou Schwësteren, meng zwou Niessen a meng dräi

Neveue wunnen nach ëmmer zu Dublin

1 chahut, vacarme, tohu-bohuLëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 38 -

Page 39: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Ech war Schüler zu Dublin, a vu véierzéng Joer aus un Pensionatsschüler zu Hertford an England. Dat war

schwéier. No der Schoul, hunn ech Ingénerie zu Trinity College Dublin studéiert.

Meng éischt Aarbecht war zu Portsmouth an England, a meng zweet war am klengste Land vun der E.U.;

Lëtzebuerg. 1986 sinn ech fir d’eischte Kéier op Lëtzebuerg komm. Ech war net bestuet an aleng; ech sinn

mat nëmmen enger Valis komm. Elo sinn ech bestuet, mat enger Englänerin déi ech zu Letzebuerg

kennegeléiert hunn. Mir hunn elo en Haus, zwou Duechteren, zwee Autoen, zwou Kazen and 756 Cden.

Eis éischt Meedchen ass a Frankräich gebuer, well mir tëschent 1989 an 1992 bei Paräis gewunnt hunn.

Dat zweet war an der Maternité hei zu Lëtzebuerg gebuer. Mäi Papp huet dräi Kanner a siwen

Enkelkanner, déi a véier verschidde Länner gebuer sinn.

Mäi Liewen zu Lëtzebuerg

Ech sinn am Juni 19... vu Portugal op Lëtzebuerg komm, mat mengem Brudder.

Am Ufank si mir just komm fir Vakanz ze maachen, mee meng Elteren hunn decidéiert dass mer hei

bleiwe mussen. Ech war net frou a mäi Brudder och net, well mir kee Franséisch, Lëtzebuergesch oder

Däitsch schwätze konnten. Mir sinn an d'Belsch an d'Schoul gaang. Dono war ech och an England an an

Däitschland an d'Schoul gaang. Dat ass de Grond firwat ech kee Lëtzebuergesch schwätze kann. Ech sinn

am Juni 1974 vu Portugal komm......

Dann hunn ech op enger norwegescher Bank geschafft.

Volley-ball hunn ech dun och gespillt zu Diekrech, mee schnell war mir dëse Spaass ze ustrengend.

Mäi Liewen huet dora bestan: schopping, rausgoen a mech amséieren, mee dun hunn ech mäi Mann

kennenngeléiert an domat war mäi schéinst ¨single¨ Liewen riwwer.

Schnell war eist 1. Kand ënnerwee a mir hunn zu Guedber en Haus gebaut. Kuerz drop war dun och dat 2.

Kand ënnerwee, a geschafft hunn ech och net méi.

Viru kuerzem war eist Liewen zu 4 an der ¨rue des champs¨ nach ganz roueg, ze roueg fir mech deen dun

an der ¨rue Schiltzberg¨ onbedéngt en neit Haus wollt bauen. Stress a Schweess waren um

Daagesprogramm, mee lo ass et riwwer a mir bereien et net geplënnert ze sinn.

Sou, dat war e Resumé vu mengem Liewen hei zu Lëtzebuerg, mee eppes kann ech iech soen : näischt an

der Welt giff mech dozou bréngen hei fortzegoen, och wann ech kee Lëtzebuergesch schwätze kann.

E spezielle Merci fir mäi Meedche Laura. (Maria K.)

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 39 -

Page 40: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

7.3 Commenter des textes littéraires (un livre, un poême, une chanson, une pièce de théatre)

Sidd dir domat d’accord ? « D’Besserung vun der Welt kann duerch reng a gutt Doten, duerch e

luewenswäert an éierbaart Verhalen erreecht ginn. » Bahá'u'lláh

Dat ass eng schéi Fro. Ech kann net einfach mat jo oder neen äntweren. D’Besserung vun der Welt duerch

reng a gutt Doten an en éierbaart Verhalen ass e bësse méiglech, mee net sou vill. E bësse firwat net. Et ass

scho gutt wann d’Leit eng Hoffnung hunn. Mat der Hoffnung maachen d’Leit net ëmmer wat gutt ass, mee

dacks, an et ass wichteg dass si gleewen ëmmer gutt Doten ze maachen an e positivt Verhalen ze hunn. Dat

ass e Projet am Kapp, eng Meenung vun alle Leit, mee d’Mënschen sinn net all d’selwecht an d’Wënsch si

ganz verschidden. Mir liewe gutt, mee anerer liewen net sou gutt. Mir kënne wënschen, vill ze realiséieren,

mee et kommen ëmmer nei Wënsch derbei. A sou geet et weider. D’Gesetz ass eng Limite, mee vill Leit

wëllen d’Limite iwwersprange fir eppes guddes fir sech ze maachen, mee dat ass net gutt fir aner Leit.

D’Mënsche sinn net gläich ; et gi räich an och aarm Leit. Déi räich wëllen nach méi räich ginn an déi aarm

wëllen och hire Stéck vum Kuch. Sou ginn et vill Konflikter tëschent de Mënschen a jidderee geet sengen

Iddien no a schafft fir säin eegenen Interessen. Et gëtt vill Déiwer a Ligner op der Welt, an och vill frech

Mënschen déi kee proppere Geescht hunn. Mat hirem Verhalen an hiren Doten ass et onméiglech d’Welt

besser ze maachen. D’Welt hautdesdaags ass net sou schlëmm. Mee an Zukunft wäert d’Welt méi

schlëmm ginn. D’Leit solle sech adaptéieren a probéiere gutt ze sinn, en éierbaart Verhalen hunn, mat der

jeweiliger Situatioun kämpfen a sech verdeedegen. (21.10.08 Walfer, R.) vun enger Persoun déi vill mat

kranke Leit geschafft huet.

„Panik am Paradäis“ ass eng Rees voller Pointen duerch 28 Joer litteraresche Cabaret zu

Lëtzebuerg. 1981 huet de Guy Rewenig säin éischte Cabaret−Programm geschriwwen, dee

gläich e groussen Erfolleg hat. Ee vun de Schauspiller war deemols de Christian Kmiotek.

Zanterhir hunn de Rewenig an de Kmiotek an enger ganzer Rëtsch Theaterproduktiounen

ëmmer nees zesumme geschafft. Et ass also net vun ongeféier, datt de Christian Kmiotek elo mat engem

best of vum Guy Rewenig sengen Texter fir de Cabaret optrëtt.

Charakteristesch fir dem Guy Rewenig säi Cabaret sinn de Sproochwitz an déi schaarf politesch

Karikaturen. „Panik am Paradäis“ ass dofir och eng Zort ironesch Geschichtsstonn iwwert bal dräi

Joerzéngte pechschwaarz Zäiten am Granduschi. De Christian Kmiotek huet fir dëse Programm en

ongewéinleche „One−Menn−Show" entwéckelt, deen him erlaabt, an dene verschiddenste Rollen

opzetrieden, vum perfide Bommefabrikant aus dem Joer 1981 bis zum groteske Katastrophemanager aus

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 40 -

Page 41: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

dem Krisejoer 2008. Texter Guy Rewenig One−Menn−Show Christian Kmiotek Eng Collaboratioun

Theater GmbH & Kulturfabrik Esch

En Theaterowend mam Lëtzebuergeschcours

Ufank Februar si mir mam Lëtzebuergeschcours an den Theater gaangen. Mir si mat eisem Proff op Esch

Uelzecht gefuer, an d’Kulturfabrik. Et ass en alternativen Theater, dee sech an engem ale Fabriksgebai

befënnt, an eigentlech e klengen, donkle Raum mat schwaarz ugestrachene Wänn an enggem donkele

Grond ass. Nieft dem Spectateursraum ass och eng Bar. An dësen Owend sinn d’Dëscher all gedeckt

gewiescht an d’Gedrénks stoung schonn drop. D’Theaterstéck war iwwer d’Liewen zu Lëtzebuerg an

d’Paranoia vum Duerchschnëttslëtzebuerger. Aktuell Themen a ganz perséinlech Empfindunge si vun

engem exzellente Schauspiller duergestallt ginn. De Mann war grouss a ganz korpulent, mee huet keng

Schimt gehat, seng Mono-Komödie immens explizit a fräizügeg ze presentéieren. Applaus an all Respekt !

Damjana, W2

7.4 Faire un exposé sur un sujet qui m’intéresse (avec notes écrites et préparation)

D’SOPHROLOGIE - Eng kuerz Presentatioun

La SOPHROLOGIE a été créée en 1960 par le neuro-psychiatre colombien Alfonso Caycedo.

La sophrologie (du grec Sos - harmonie et Phren – esprit) est née de l’alliance de différentes médecines, traditions et cultures de l’Orient et de l’Occident. Elle rassemble des méthodes de relaxation dynamique et des exercices de développement personnel qui permettent de retrouver une harmonie du corps et de l’esprit, clé-même de l’équilibre.

La sophrologie vise, entre autres, à développer la capacité d’une écoute attentive et bienveillante de soi. La prise de conscience de ses sensations dans un niveau de détente profond permet le relâchement physique et mental, le lâcher prise, qui autorise, dès la fin de la séance, une nette récupération de ses capacités, une « défatigabilité » tant musculaire que nerveuse.

La sophrologie développe par ailleurs une aptitude à élaborer des images mentales, à visualiser des situations et des sensations reproductibles à souhait. Elle débouche ainsi sur la possibilité d’atteindre un état permanent de maîtrise de soi.

Elle est donc recommandée pour la gestion du stress, la préparation aux examens, la préparation à la naissance, les troubles du sommeil…]

D`Sophrologie ass 1960 vum kolumbianeschen Neuro-Psychiater Alfonso Caycedo gegrënnt ginn. D`Sophrologie (aus dem Griecheschen Sos - Harmonie a Phren -

Geescht) ass aus der Verbindung vu verschiddene Medizinen, Traditiounen a Kulturen aus dem Osten an dem Westen entstanen. Sie kombinéiert dynamesch Entspanungsmethoden, souwéi eng Approche zur perséinlicher Entwicklung. Dës Kombinatioun erméiglecht eng Harmonie vu Kierper a Geescht ze entwécklen, déi de Schlëssel ass zu engem Liewen am Gläichgewiicht.

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 41 -

Page 42: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

D`Sophrologie wëllt virun allem de Mënsch derzou bréngen, méi genau op säi Kierper ze lauschtern, a respektvoll mat sech selwer ëmzegoen. An engem Zoustand vun déiwer Entspanung kënnt de Mënsch nees an Kontakt mat séngen Emotiounen a kann esou léiere lass ze loossen. Dës Erfahrung bréngt mat séch, dat ee sech schonn no enger Séance vill méi entspant fillt, an dat esou wuel op kierperlecher, wéi op psychescher Ebene, et fillt ee sech erfrëscht, an nees « opgelueden ».

D`Sophrologie schafft och mat Visualisatiounen, mental Biller, déi dem Mënsch erméiglechen, Gefiller a mental Situatiounen op Wonsch opzeruffen. Sou entsteet d`Gefill säi Liewen besser am Grëff ze hunn.

D`Sophrologie ass dofir eng gutt Technik fir mat Stress besser ëmgoen ze léieren, oder sech op en Examen virzebereeden, Schlofproblemer kënnen och domat behandelt ginn, och als Virbereedung op eng Gebuert ass dës Technik sënnvoll…

Gutt fir jonk an al. Fir weider Informatiounen, kontaktéiert mech w.e.g. [email protected] tél : 492521

Ech sinn net lidderegEt ass Mëttwoch. Et ass 21.00 Mëttwoch den Owend. Muer ass Donneschdeg. Muer hunn ech

Lëtzebuergeschcours. Mäi Lëtzebuergeschcours ass all Donneschdeg den Owend. Muer hunn ech

Lëtzebuergeschcours an ech hu keng Hausaufgab gemaach. Wéi ëmmer, hunn ech keng lëtzebuergesch

Hausaufgab gemaach. Ech wëll déi Hausaufgab maachen. Ech well ëmmer meng Hausaufgab maachen.

All Donneschdeg, nom Cours, verspriechen ech mir, meng Hausaufgab ze maachen. Ech sinn net liddereg.

Ech wëll meng Hausaufgab maachen, awer ech hu keng Zäit. Ech hu keng Zäit, meng Hausaufgab ze

maachen, well ech maachen zevill.

Zënter leschten Donneschdeg, hunn ech meng Fra an e schéine Restaurant invitéiert, eng

„visite guidée“ vun der Stad Lëtzebuerg ugeféiert, en Theaterstéck ugekuckt, doheem geschafft, um

Training derbäi gewiescht, an e Samschdeg am Buro geschafft.

Awer, wéi ëmmer, d’Hausaufgab ass net gemaach ginn. Charles, 2008-04-16

Mäin Numm ass Brigitte an ech gleewen u Gott. Ech si Chrëschtin.

Fir mech ass et wechteg chrëschtlech ze sinn. Ech kann mir e Liewen ouni Relioun net virstellen. Ech si sécher

dat Gott existéiert a Gott ass fir mech ëmmer an iwwerall do. Glawen ass eng perséinlech Saach. Dat kënnt

vum Häerz, dat kann een net léieren. Ech gi mat menge Kanner an d'Kierch a mir feieren d’Fester doheem; op

déi Manéier léieren si de Glawe kennen; mee ob si dann enges Dags selwer gleewen oder net, do kann a wëll

ech keen Afloss drop hunn. Fir mech ass et awer richteg dat hei an Europa, mat enger chrëschtlecher

Traditioun, déi chrëschtlech Wäerter an der Schoul geléiert ginn. Et geet net drëm dat e Kand gezwongen ass ze

gleewen, mee déi chrëschtlech Wäertvirstellungen ze kennen. Gott ass d'Léift. Gott verzeit eis. Dat wichtegst

„Gebot“ (Regel) fir mech ass: Den Nächste gär hu wéi sech selwer. Dat mir aner Leit kënne verzeien.

Ech froe mech wéi d'Leit ouni Glawe fäerdeg gi mat „Schicksalsschléi“ (Krankheet, Doud ..).

Heiansdo froen ech mech, firwat geschéie vill schlecht a béis Saachen? Oder firwat muss e jonke Mënsch

un enger schwéierer Krankheet stierwen? Glawen a Léift ëmmer erëm waakreg halen a mat néiem Liewe Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 42 -

Page 43: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

fëllen, dat ass eis Liewensaufgab. Ech respektéieren all aner Relioun, ech hu bis elo dat Gefill dat do net

esou vill verschidden ass tëschent de Reliounen. All schwätze vu Léift a Liewen nom Doud. Ech fäerten e

bëssen den Islam esou wéi ech en an Däitschland kennegeléiert hunn. Wa Frae sech musse verschléieren a

wa se bestrooft gi vun der Famill wa se eppes net esou maache wéi de Papp oder de Brudder dat wëll, z.B.

e Mann wëllen bestueden, deen net „richteg“ ass oder e Beruff léieren, deen „näischt“ fir Fraen ass, da

fannen ech dat net richteg, besonnesch hei bei eis an Europa.

7.5 Décrire une personne – eng Persoun beschreiwen

De perfekte Mann. Hien ass jonk a Jonggesell. Hien ass 1m 90 grouss. Hien huet schwaarz Hoer a blo

Aen. Hien ass schlank. Hien ass romantesch, Akademiker, sexy an hie follegt. Hien ass e Prënz mat vill

Suen, huet eng grouss Yacht an e Fliger. Hie reest gär. Hien huet keng Deiéren awer hien huet se gär.

(Cheryl)

Dei perfekt Fra denkt dass ech de perfekte Mann sinn. (Mike)

Den ideale Mann: 80 Joer, 30 Milliounen a 40 Féiwer. (...)

Den ideale Mann: E soll Bastler sinn. E soll éierlech, duuss, gedëlleg a witzeg sinn. (Lina a Zahra)

Déi ideal Fra soll sexy, jonk, net ze vill intelligent a blond sinn. (...)

Présentatioun vum mengem Papp. Mäi Papp heescht Regis. Hien ass nonzenghonnertaachtandrësseg bei

Metz gebuer. De Juni kritt hi siwwenzeg Joer. Hien ass mat menger Mamm bestuet. Si hu sech

nonzenghonnertzweeansiechzeg bestuet a si hu véier Kanner, draï Meedercher an ee Jong. Maï Papp ass

Fransous a wunnt a Frankraïch bei Metz. Hie schwätzt nëmme franséisch well hien net vill studéiert huet.

Elo ass hie pensionnéiert mee hie war e puer Joer Bäcker an duerno huet hien an enger Verpackungsfirma

geschafft. Hien huet vill Aktivitéiten : Enkelkanner (hien huet aacht Enkelkanner an aacht Jongen : hien

ass frou well hien huet gär Foussball), de Gaart, de Bénévolat fir déi Blann, d’Kierch, Liesen, heiansdo

Vakanz asouweider. Hien ass e gléckleche Pensionnär.

Elo ass hie mat menger Mamm a Frankreich zu Aix les Bains wou meng zweet Schwëster mat sengem

Mann a senge Kanner wunnt. Duerno gi si op Belfort wou meng éischt Schwëster mat sengem Mann a

senge Kanner wunnt an ech wees net wéini si heemginnn : si hunn Zäit. Mäi Papp ass e flotte Papp.

Blandine

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 43 -

Page 44: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

7.6 Décrire un objet – En Objet beschreiwen

Däitsch: Ein Platz für ein Tipi.

Wir haben schnell einen guten Platz für das Tipi

gefunden.

Der Platz ist auf der Wiese mit den Obstbäumen.

Dahinter Richtung Norden ist eine Hecke. Richtung

Westen ist das Grundstück vom Nachbar, das ein

klein wenig den Westwind abhält.

Nach Osten hin ist die Sicht frei. Man schaut

kilometerweit auf das offene Land.

Das ist ein guter Platz für den Eingang, weil er nach

Osten ausgerichtet sein muss.

Lëtzebuergesch: Eng Plaz fir en Tipi.

Mir hu séier eng flott Plaz fir eisen Tipi fonnt.

D’Plaz ass um Wuess mat den Uebstbeem.

Hannendrun, Direktioun Norden ass eng Heck.

Richtung Westen ass den Terrain

vum Noper, deen e bëssen de

Westwand ophält.

No Osten hin ass d´Siicht fräi. An

do kann ee kilometerwäit op

d’opent Land kucken.

Dat ass eng ganz gutt Plaz fir d’Entrée, déi no

Osten hi muss ausgeriicht sinn.

7.7 Décrire ma maison, un endroit, lieu de travail, etc. – Mäin Haus beschreiwen, eng Plaz, d’Aarbecht, asw.

Mäin Haus ass eng Geschicht mat Häerz.

Nodeems mir 4 Joer zesumme gelieft hunn, hu mir eis eng Bauplaz zu Gonnereng ugeschaaft.

Zwee Joer duerno huet den Nico (mäi Mann) a säi Papp während all Moment vun hirer Fräizäit ugefaang

en Haus drop ze bauen. Zammermann vu Beruff, huet säi Papp den Daach gemaach. Den Nico, e

Knëschler an Handwierksmann, allen zwee hu se vill Fräizäit geopfert, a vill geschafft. Et war eng

Opfuerderung dei eis um Enn komplett zefridde gestallt huet. Ech hu mat menger Schwéiermamm fir

d’Dekoratioun am, a rondrëm d’Haus gesuergt. Eist Haus huet wéinst deenen Ursaachen an Erënnerungen

haut e ganz grousse sentimentale Wäert. Brigitte

Eng Visite guidée vum CEPS/INSTEAD - Centre d'Etudes de Populations, de Pauvreté et de Politiques Socio-Economiques

D’Presentatioun vu mengem Stack (Blandine, 07-08) Expression orale!

Mäi Stack ass de 6te Stack. Dat ass den Dataproduktiounsstack. Fir d’éischt d’Archiven, e grousse Raum

mat den Ëmfroe vu Familljen a Persounen. Beim CEPS maache mir ënnert anerem, Ëmfroe fir

d’Europäesch Kommissioun, iwwer d’Famillje vu ganz Lëtzebuerg, haapstsächlech zum Thema

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 44 -

Page 45: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Akommes, Pai a Steier. Hei um Stack maachen d’Employéen och hir Mëttespaus. Hei hu mir e schéinen

Dësch, e Frigo an zwou Mikrowellen am Gank hannert der Dier.

Am éischte Büro ass d’Ginette. Si ass eng vun den éischten Employéen vum CEPS. Si waren am Ufank zu

manner wéi fënnef. Elo si mir zu nonzeg. Si ass Expert am Panel, am Precodage an Encodage vu

Questionnairen.

Dann hu mir d’Nadine. Si ass Expert fir d’Gestioun vun den Enquêteuren ; d’Astellung, d’Formatioun, de

Suivi an d’Kontrollen. Si empfänkt vill Enquêteuren an heiansdo ass de Stack animéiert.

Op der anerer Säit hu mir de Maxim. Hien ass nei an elo schafft hie fir d’Équipe Firm oder Géode, mee

duerno wäert hie mat der Équipe Populatioun schaffen.

Dann hu mir d’Sylvaine. Si ass scho laang beim CEPS. Si superviséiert déi ganz Produktiounséquipe.

Dann op der anerer Säit ass den Eric an d’Anne. Si kontroléieren d’Date mat Informatiksprogrammer. Si –

dreiwen2- all Feeler ; d’Feeler vun den Enquêteuren, vum Encodage, asw.. Dann hu mir d’Nada ; si schafft

wéi d’Ginette an de Jos wéi d’Nadine. Duerno kënnt mäi Büro. An da kommen déi dräi lescht Büroen. Si

si fir d’Informatiker; de Michel an de Bruno. Een Zëmmer ass fir all déi grouss Maschinnen.

An dann ass et fäerdeg.

Déi verzaubert Galapagos Inselen

D’Galapagos-Inselen (offiziell: Archipielago de Colon) am Pazifik

gehéieren zu Ecuador a leien ongeféier 1.000 Kilometer virun der

Küst vun Ecuador. Entdeckt goufen se am Joer 1535 reng zoufälleg

vum Spuenier, Tomas de Berlanga. D’Galapagos-Inselen hunn e

vulkaneschen Urspronk.

D’vulkanesch Inselgrupp besteet aus 13 gréisseren a 17 méi klengen Inselen. Eng vun de Particularitéite

vun den Inselen ass déi enorm Vielfalt un aussergewéinlecher Flora a Fauna. Zënter 1934 stinn d’Inselen

dofir och ënner Naturschutz. Zënter 1978 stinn Galapagos –Inselen op der Unesco-Weltnaturerbe-Lëscht.

1835 mécht den Charles Darvin e Besuch op d’Inselen. Wéi jidderee weess ass d’Galapagos-Inselgrupp

besonnesch duerch dem Charles Darvin seng Evolutiounstheorie berühmt ginn, well hien do eng Rei vun

d’Iddie krut.

d’Aféierung vu friemen Aarten souwéi d’Juegd hunn am 19. Joerhonnert vill vun dësen eenzegaartegen

Déieren (z. B. Die Galapagos -Rieseschildkröt) bal zerstéiert. (Daniela Reddington)

2 chasser, frLëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 45 -

Page 46: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

Meng Aarbecht beim FNR (www.fnr.lu)

Moien, haut verzielen ech eppes vu menger Aarbecht beim Fonds National de la Recherche vun der

leschter Woch. Do hate mir eng grouss Réunioun mat vill Opreegung well fir d’éischte Kéier eise Panel fir

d’Mesure d’accompagnement war. Dofir sinn ech ënner anerem responsable an hat immens vill

virzebereeden.

Mir hate bei eisem leschte Call (Appell) fir d’Mesure d’accompagnement am Abrëll 83 Demanden erakritt

an déi hunn ech missten alleguer fir d’éischt nom Domaine (Naturwëssenschaften,

Geeschteswëssenschaften, Medezin, Informatik asw) klasséieren. Déi Demande ware ganz verschidden a si

bei verschidde Meusre gefrot ginn. Dat waren Demande fir z.B. eng Konferenz hei zu Lëtzebuerg

z’organiséieren, mee awer och lëtzebuerger Fuerscher, déi an d’Ausland goe wëllen oder auslännesch

Fuerscher op Lëtzebuerg invitéiere wëllen. Et waren och Demande fir eng EU-Demande ze maachen, asw..

Nodeems déi Demande klasséiert waren, hunn ech se intern evaluéiert mat eise Kritere vum Fond an ech

hunn de Budget ausgerechent, dee mir vum Fonds aus accordéiere kënnen. Da sinn d’Demande séier bei

d’Experte geschéckt ginn an déi haten dann d’Aufgab d’Demanden no hirer wëssenschaftlecher Qualitéit

ze beuerteelen. Bei eisem Meeting d’lescht Woch waren alleguer déi Experten zesummekomm a mir hu

während engem laangen Dag all déi Demanden evaluéiert. Wa se wëssenschaftlech gutt waren, gouf meng

Propose fir de Budget gekuckt an akkordéiert, mee heiansdo och korrigéiert. Well net ëmmer waren

d’Experte sech eens a munch een huet manner Sue kritt wéi en der hätt kréie kënnen. Dat ass net ëmmer

einfach, well heiansdo sinn déi Demanden net komplett oder d’Käschte sinn net a Relatioun zum ugefrote

Budget, asw.. Dofir gëtt all Demande diskutéiert an dann zesummen evaluéiert an e puer Deeg méi spéit

dem Conseil scientifique viergeluegt. Dat bereeden ech am Moment mat menger Assistentin fir, well um

Enn vum Mount ass de Conseil.

Déi Zort vun Appelle fir d’Mesuren hu mir zweemol am Joer awer d’ganzt Joer iwwer kënnen d’Fuerscher

vun den ëffentleche Fuerscherinstitutiounen och aner Subside froen a bei eise Programme matmaachen.

Awer dat ass eng aner Geschicht, déi ech haut net verzielen. Villmools merci fir är Gedold an ech hoffen

dir huet alles verstan. (D’Suse)

7.8 Parler de son pays d’origine – Vu sengem Land schwätzen

SLOWENIEN

Ech kommen aus Slowenien. Dat ass e klengt Land, südlech vun

Éisterräich, ëstlech vun Italien a westlech vun Ungarn. Et huet

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 46 -

Page 47: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

manner wéi zwou Milliounen Awunner. Mir hunn och net vill Auslänner – nëmmen zirka 20 Prozent. Déi

grouss Majoritéit dovu kënnt aus dem ale Jugoslawien, wat fir eis keng richteg Auslänner sinn; wéinstens

net fir meng Generatioun.

D’Haaptstad vu Slowenien heescht Ljubljana an huet gutt 250.000 Awunner. Si ass de politeschen a

kulturelle Mëttelpunkt vum Land a läit och ganz zentral.

Slowenien ass Member vun der Europäescher Union an huet sechs Regiounen: Dolenjska, Štajerska,

Gorenjska, Primorska, Notranjska a Prekmurje. Déi lescht Regioun huet e ganz besonneschen Dialekt, dee

vun deenen aneren net verstane gëtt.

Zënter Januar 2007 hu mir och den Euro als Währung. Dat Besonnescht u Slowenien ass seng Lag un der

Kräizung vun dräi klimatischen Zonen: d’Alpen, déi kontinental an déi mediteran Zonen. Am Land

erstrecken si sech nämlech souwuel iwwer een Deel vun den Alpen (am Nordwesten), wéi och 46km vun

der Adriaküst (am Südwesten) an d'Üfäng vun der pannonescher Déifebene am Südosten.

D’Amtsprooch vu Slowenien ass Slowenesch, mee mir hunn och zwou Minoritéiten, d’ italienesch an

d’ungaresch an dofir e puer zwousproocheg Gemengen.

De Slowen huet säin Haus a säi Gaart gär, schafft gär a vill, ass frëndlech an ass op zu den Auslänner, mee

iwwerhieflech géintiwwer den aneren Ex-Jugoslawen. D, Walfer 2

Portugal ass meng Heemecht. Ech sinn de Floriano an ech wunnen zu Lëtzebuerg, zu Mamer. Ech

kommen aus Portugal, vu Viana do Castelo am Norden. Ech hunn en Haus zu Castelo do Neiva

http://www.billiger-ferienhaus.de/Objektnummer-306859.html Castelo do Neiva huet eng Plage, Flëss a

Bierger. Castelo do Neiva ass ongeféier véierhonnert Kilometer vun der Haaptstad Lisabon. Wat ass gutt a

Portugal? D’Sonn schéngt vill, et kann een Tourismus maachen an de faméise Vinho do Porto drénken.

Lauschtert Dir gär portugisesche Fado? Floriano

Italien ass e Land am Süde vun Europa. Et ass eng

Hallefinsel a si läit um Mëttelmier. Si huet d’Form vun

engem Stiwwel. Italien ass eng Republik an ass

Member vun der Europäescher Unioun. D’Nopere vun

Italien si Frankräich, d’Schwäiz, Éisträich a Slovenien.

Italien huet eng Fläch (Superficie) vun 301 230km2 an

huet ongeféier 60 108 000 Awunner. Dovu sinn

2 432 651 Auslänner. D’Haaptstad heescht Roma. Si

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 47 -

Page 48: 0 Ech Kann - Je Suis Capable 2009

ass déi gréissten italienesch Stad. Italien huet 20 Regiounen. Meng Regioun heescht Piemonte a meng Stad

heescht Vercelli. Si produzéiert vill Räis. Italien ass besonnesch bekannt fir d’Iessen, den Tourismus an

d’Gezei. Aner Stied sinn : Milano, Torino, Genova, Aosta, Napoli, Firenze, Mantova ……..

Simone, W1

7.9 Se renseigner sur le pays d’accueil

Am Touristebüro : Bonjour, ech hunn d’nächst Besuch aus dem Ausland. Ech géif hinne gär d’Land weisen. Hutt dir Prospekter, eng Kaart an e puer Iddien, wat ech mat hinne maache kann w.e.g. ?

Sinn dës horizontal Linne parallel oder

schif?

Zum Schluss :

Bei der Verbesserung vun den Texter, hunn ech probéiert, sou vill wéi méiglech den

Text vun de Studenten sou ze loossen, wéi si e geschriwwen hunn.

Schéckt mir äre lëtzebuergeschen Dialog-Text zu engem Thema sou séier wéi méiglech w.e.g. : [email protected] oder bréngt mir d’Aufgab mat an d’Klass.

Merci villmools, äre jean-marie nau

Lëtzebuergeschcours mam Jean-Marie NAU 2009 – [email protected] – ech kann …- 48 -