panewippchen 01/2011 - service éducatif mnhn luxembourg
Post on 22-Mar-2016
252 Views
Preview:
DESCRIPTION
TRANSCRIPT
‘natur musée’ - 25, rue Münster - L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusée.luwww.panda-club.lu
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt: Ministère de la Culture - Musée national d’histoire naturelle -
Ministère de la Famille et de l’Intégration - Service National de la Jeunesse - Ministère du Développement durable et des Infrastructures -
Administration de la Nature et des Forêts - Administration de l’Environnement - Ministère de la Santé -
Ministère de l’Intérieur et à la Grande Région, Administration de la gestion de l’eau - Ministère de l’Education nationale et de la Formation professionnelle
De PanewippchenZeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
Dës Nummer gouf gemaach an Zesummenaarbecht mam Ministère de l’Intérieur et de l’Aménagement du territoire, Administration de la Gestion de l’Eau
N°94 1/2011
De Waasserlabo S.8&9
Boctock S
.16
De Waasserwierbel S. 4
Drecksspatz trëfft Gummi-Int S.12&
13
D’Cholera S.11
D’Louhecken S.14&15
D’B
akt
erien S.10
Eeee
h Bulli! S.3
M
armoréierte Pobeier S.6
E C
hro
ma
togr
aph
S.7
Experim
ente
r m
at Waasser S.5
Well d’Russe gefaart hunn, datt de Mënsch an der Kapsel duerch d’Schwéierlosegkeet schwaach fale kënnt oder ze vill Feeler géif maachen, ass dem Juri seng ganz Rees vum Buedem aus ferngesteiert ginn. Sollt et awer zu engem grousse Problem kommen (kee Kontakt méi mat der Buedemstatioun) konnt de Juri e Schlëssel aus enger Envelopp huele fir domat selwer ze steieren.
Um 7:25 Auer ass d’Raumschëff erëm ofgebremst ginn an d’Kapsel ass vum Maschinnendeel gesprengt ginn. A 7000 Meter Héicht ass de Juri Gagarin mat sengem Schleidersëtz aus der Kapsel erauskatapultéiert ginn an ass mat engem Fallschierm sécher geland. Eng Landung an der Kapsel wier fir de Kosmonaut wahrscheinlech ze geféierlech gewiescht. No 108 Minutte war den éischte Weltraumfluch eriwwer an de Juri Gagarin war eng Kéier rondrëm d’Äerd geflunn (41 000 km).
Viru 50 Joer, den 12. Abrëll 1961, ass den éischte Mënsch an de Weltall geflunn. Um 6:07 Auer ass zu Baikonur am Kasachstan eng Wostok-1 (op russesch Boctok-1) Rakéit mam Juri Gagarin als Passagéier gestart.
Ier awer Mënschen an de Weltall geflu sinn, hunn d’Russen an d’Amerikaner Tester mat Déieren (Hënn an Afen) gemaach. Dat éischt Déier am Weltall, de russeschen Hond «Laïka» huet säi Flug net iwwerlieft. Bekannt ginn ass och de Schimpans «Ham», deen den 31. Januar 1961 fir d’Amerikaner knapp 20 Minutten am Weltall war. Hie konnt no der Landung nach just aus senger Kapsel, déi am Atlantik geland a bal ënnergang ass, gerett ginn. Als Belounung huet den «Ham» en Apel an eng Orange kritt.
D’Amerikaner, déi enttäuscht waren, datt si net den éischte Mënsch an de Weltall geschéckt haten, hunn duerno alles gemaach fir d’Course op de Mound ze gewannen. Den 20. Juli 1969 huet dat endlech geklappt: den Neil Armstrong ass als éischte Mënsch um Mound spadséiert.
D’Boctoc-1 ass mat 27.400 km/h geflunn, op 324 km iwwert der Äerd.
“Ech gesinn d’Äerd, si ass wonnerschéin”
An der Kapsel war och genuch Iessen a Gedrénks fir 10 Deeg. Obschonns d’Kapsel eng besser Sardinnebécks war (Duerchmiesser 2,3 m) war de Juri begeeschtert an hien huet gefunkt:
16De Panewippchen 3/2009De Panewippchen 1/2011
16
Boctok-1
Foto: Wikipedia
Foto
: Wik
ipe
dia
Text: Claude Heidt
Foto
: Wik
ipe
dia
De Wee vun der Boctok-1
Start
Sonnenopgang
Sonnenënnergang
Trennung vun der Kapsel an dem Maschinendeel
Landung
Kapsel gëtt ofgebremst
Trennung vun der Kapsel an dem Maschinendeel
Erausschleideren vum Gagarin
Landung vum Gagarin a vun der Kapsel
Ass dat do alles?
Yuri Gagarin
top related