walprogramm 2011 (lux)

26
E kloere Bléck fir eis Gemeng.

Upload: csv-sektioun-freiseng

Post on 23-Jul-2016

263 views

Category:

Documents


7 download

DESCRIPTION

 

TRANSCRIPT

Page 1: Walprogramm 2011 (lux)

E kloereBléckfir eisGemeng.

Page 2: Walprogramm 2011 (lux)

Zu Lëtzebuerg ass dat ëffentlecht Liewen iwwert zwou Instanzen organiséiert: de Staat an d‘Gemengen. Mir brauchen dofir niewent engem staarke Staat, och staark Gemengen.

Dës Gemengen musse, fir datt si hir Aufgaben gutt erfëllen, vu kompetente Leit gefouert ginn.

Nieft gudde Funktionären an engem leeschtungsstaarken techneschen Déngscht, brauche mer och eng kompetent politesch Féierung. Si muss aus Leit bestoen, déi genuch Fachwëssen an Erfahrung hunn, fir all Beräicher vun der Gestioun vun der Gemeng of ze décken. Donieft musse si ee kloere Bléck hunn, fir d‘Problemer an der Gemeng ze erkennen a fir no Léisungen ze sichen, an och genuch Wäitsiicht matbréngen, fir a méi kritesche Situatiounen net den Iwwerbléck ze verléieren.

D‘CSV huet hiren Team no dëse Kritären opgestallt: méiglechst vill verschidde Kompetenzen sollen eng méiglechst breet Palette u Wëssen an eis Gemengegeschäfter afléisse loossen.

Eis 11 Kandidatinnen a Kandidaten, hu sech an de leschte Méint intensiv mat

eiser Gemeng an hire Problemer an Erausfuerderungen befaasst. A laangen Aarbechtssitzungen hu si déi eenzel Dossieren diskutéiert. Esou konnte si sech eng kloer Meenung schafen zou deenen Themen, déi si hei virstellen. D’Resultater vun hirer Analyse stinn a Kuerzfaassung an dësem Programm. Zousätzlech Erklärungen zou deenen eenzele Punkten kritt dir gären an eiser Wahlversammlung, souwéi op eiser Internet-Säit. (www.frisange.csv.lu)

D‘Beem wuesse bekanntlech net an den Himmel, och net an der Gemeng Fréiseng. Dësse si mir eis bewosst. Deemno versprécht d’Team CSV näischt, wat net ze halen ass!

D‘Politik, déi d’CSV an eiser Gemeng wëll maachen, soll a wäert sech un hire Grondsätz orientéieren. Dëst si Wäertvirstellungen, déi op engem chrëschtlechen Humanismus baséieren, an op enger Gesellschaft, wou Plaz ass fir jiddereen, ouni Ënnerscheed tëschent enger reliéiser oder philosophescher Weltanschauung.

Aloyse SCHILTZSektiounspresident

Firwat CSV wielen den 9. Oktober?

Page 3: Walprogramm 2011 (lux)

Eis Kandidaten.Fir d‘Gemeng Fréiseng.

Claude Arend48 Joer, Uespelt, bestued an 2 Meedercher• Banquier• Finanzexpert

Marie-Louise Aulner ép Wagener50 Joer, Fréiseng, bestued• Member vum Gemengerot säit 2000• Member vun der Schoulkommissioun• Member vun der Finanzkommissioun• Member vun der Emweltkommissioun• Member vun der Sport- a Kulturkommissioun

Gilles Barbabianca25 Joer, Fréiseng, Jonggesell• Maîtrise am Franzéischen• Student vum Droit

frisange.csv.lu

3 CSV FRÉISENG

Page 4: Walprogramm 2011 (lux)

Lucien Einsweiler58 Joer, Helleng, bestued an 2 Kanner• Ingénieur industriel • Préposé bei P&CH Réimech• Member vum Gemengerot Fréiseng vun 1988 bis 1999 ( dono aus

beruffleche Grënn nëtt méi kandidéiert )• Member vun der Bautekommissioun als Expert

Josiane Raus-Goeres44 Joer, Uespelt, bestued an 3 Kanner• Assistante Parentale• Selbststänneg Glaskünstlerin

Carlo Hansen59 Joer, Helleng, bestued an 2 Kanner• Pensionnéierten Eisebunner• Member vum Gemengerot säit 2000• Member vun der Bautekommissioun• Member vun der Kommissioun vum 3. Alter

4

Jean Biel50 Joer, Fréiseng, bestued an 2 Bouwen• Veterinär• Inspekter bei der Veterinärinspektioun

Weider Informatiounen iwwer eis Kandidate fannt Dir op frisange.csv.lu

Page 5: Walprogramm 2011 (lux)

Aloyse Schiltz59 Joer, Uespelt, bestued an 3 Bouwen• Banquier• Kreditexpert• Vizepresident vum Office Social Beetebuerg-Fréiseng-Réiser• Member vun der Auslännerkommissioun• President vun der CSV Sektioun Gemeng Fréiseng

Pierre (Pit) Schmitz43 Joer, Fréiseng, bestued an 2 Bouwen• Ingénieur-technicien en génie civil• Techniker op der Gemeng Bous

Denise Weber-Glodt54 Joer, Uespelt, bestued an 5 Kanner• Selbstänneg• Geschäftsfra

Paul Reding29 Joer, Fréiseng, Jonggesell• Jurist beim Unfall (assurance accidents )• Jugendvertrieder

54

CSV. De séchere Wee.

Page 6: Walprogramm 2011 (lux)

6 CSV FRÉISENG

CSV – Chrëschtlech Sozial Vollekspartei: Wat ass dat?

Et ass een C, an dee steet fir

• Courage, deen néideg ass, eng Iddi ze realiséieren, awer och fir manner gutt Entscheedungen, wann et muss sinn, nei ze formuléieren.

• Challenge, deen doranner besteet, op der Basis vu chrëschtlech sozialen Iddien, mat eidele Keesen an ouni finanziell Reserven eng Zukunft ze plangen an och ze realiséieren.

• Change, deen néideg ass, d‘Fiedem nett nëmmen an enger Hand ze halen, mä och anere Wand zou ze loossen an zesummen ze schaffen

Et ass och een S, an dee steet fir

• soziaalt Denken an Handelen, dat den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft garantéiert. Jonk an Al, Lëtzebuerger an nett-Lëtzebuerger, Mann a Fra, gesonnt a gebriechlech, méi oder manner bemëttelt, jidder eenzelen muss an eiser Gemeng eng Plaz hunn. Zesumme liewen ass eise Motto.

• Solidaritéit mat deene kommende Generatiounen erreeche mer doduerch dat mer vill méi op Nohaltegkeet pochen. De Respekt virun eiser Ëmwelt an den Asaz fir si ze erhalen ass eis net eréischt zënter der Katastroph vu Fukushima ee wichtegt Uleies.

• Solidaritéit wëlle mer awer och beweisen mat deenen, déi méi schlecht dru sinn, an eiser Gemeng an doriwwer eraus, souwäit eis bescheide Mëttelen dat zouloossen.

A schlussendlech ass ett een V, dee steet fir

• Vollekspartei, d‘Partei vum Vollek, wou jidderee wëllkomm ass. A wëll dat esou ass, lauschtere mir och op jiddereen, dee mat eis schwätzt. Är Meenung ass eis wichteg!

• Victory. Mir hunn eis Virschléi elo gemat. Mir sinn prett! Lo ass ett un Iech!

Léiw Biergerinnen an Bierger aus der Gemeng Fréiseng. Dir eleng huet et an der Hand! Beweist den 9. Oktober 2011 Courage a gitt den Challenge un, dee néidegen Change erbäi ze féieren, fir dass Solidaritéit an Soziales an eiser Gemeng nees grouss geschriwwe ginn. Kräizt den 9. Oktober d‘Lëscht vun der CSV un, oder verdeelt är 11 Stëmmen alleguer ënnert de Kandidatinnen a Kandidaten op der Lëscht vun der CSV.

Page 7: Walprogramm 2011 (lux)

7

CSV. Mat kloerem Bléck no vir.

CSV: Ee kloere Bléck fir d‘Gemeng Fréiseng

Mir sti fir eng modern a realistesch Gemengepolitik. Eist Handelen orientéiert sech um Wuel vun der Allgemengheet.

Mir kucken den Tatsaachen mat kloerem Bléck an d‘A a schafe mat kloere Visiounen nei Perspektiven fir eis Gemeng, grad elo an engem schwéieren Ëmfeld. Mat dësem Programm verflichte mir eis fir déi kommend sechs Joer an doriwwer eraus. Eist Handelen orientéiert sech dobäi un eise Prinzipien an Idealer:

Solidaritéit, Fairness, een oppent Ouer an nohaltegt Handelen. Zesummen kënne mer eppes erreechen!

D‘CSV Fréiseng steet zur kommunaler Autonomie, souwäit d‘Gemeng iwwert déi néideg finanziell Mëttele verfügt, a sech esou organiséiere kann, dass se hirem Optrag an den Erwaardungen vun hire Bierger gerecht gi kann.

An den nächste Joere komme grouss Erausfuerderungen op eis duer: Méi Awunner, méi Verkéier, den Ausbau vun den Infrastrukturen, souwéi speziell Déngschtleeschtungen, déi och eis Gemeng an d‘A faasse muss, wëll se dem demographesche Wandel Rechnung droen. Dofir wëlle mir eng konsequent Politik ustriewen an eis an eiser Gemeng fir eng nohalteg positiv Entwécklung vun der Liewensqualitéit vun eise Biergerinnen a Bierger asëtzen, och an dësem Ëmfeld vun ugespaanten ëffentleche Finanzen.

Mir wäerten nei Zukunftsperspektiven entwëckelen. A mir setzen alles drunn, dass se och realiséiert ginn!

Page 8: Walprogramm 2011 (lux)

8 CSV FRÉISENG

Ee kloere Bléck fir d‘Gemeng Fréiseng 6 Joer – 6 Aufgaben

1. Eng biergerno Gemeng

CSV stäerkt d‘Basisdemokratie a steet fir eng éierlech an transparent Informatioun fir all Bierger.

2. Eng biergerfrëndlech Gemeng, déi Plaz bitt fir all Mënsch.

CSV baut op d‘Kanner; si sinn de Garant fir eis Zukunft. CSV ënnerstëtzt déi Jugendlech a jonk Leit, ouni awer dobäi déi aner Matbierger ze vergiessen. Integratioun ass der CSV wichteg.

3. Eng liewenswert Gemeng

CSV versteet heirënner dass eis Gemeng soll awunnerfrëndlech, sécher an uerdentlech sinn. All Leit solle sech hei wuel fille kënnen.

4. Eng lieweg Gemeng

CSV wëll staark Veräiner, déi mat hiren Aktivitéiten ee wäertvolle Bäitrag leeschten am gesellschaftleche, sportlechen a kulturelle Liewen an esou zum sozialen Zesummenhalt bäidroen.

5. Eng modern Gemeng

CSV wëll eng Gemeng déi Infrastrukturen an Equipementer kann ubidden, déi de Biergerinnen a Bierger déi Liewensqualitéit bidden, déi hinnen zousteet. Sou wëlle mir fir eis Schoul, de Schoulsport, Kannerbetreiung, Stroosse-, Gas-Waasser-a Kanalnetz, Kläranlag, Gebaier a Servicer eng laangfristeg Ofsécherung erlaangen.

6. Eng nohalteg Gemeng

D‘Entscheedungen vun haut sollen net op d‘Käschte vun deene kommende Generatiounen geholl ginn. D‘Erhalen vun der Ëmwelt, Energiespueren, Offallpolitik, Verkéier- a Mobilitéitskonzepter, Flächennotzung, Bautepolitik an och d’Finanzpolitik mussen der Nohaltegkeet Rechnung droen. Mir wëllen eise Kanner eis Gemeng besser hannerloossen, wéi mir se haut hunn!

Page 9: Walprogramm 2011 (lux)

9

CSV. Mat kloerem Bléck no vir.

1. Eng biergerno Gemeng

CSV stäerkt d‘Basisdemokratie:

• Mir engagéieren eis, dat d‘Aarbecht an deene verschiddene Kommissiounen opgewäert gëtt:

✔ sie solle verstärkt Iddien an Avisen ausschaffen. ✔ verschidde Kommissioune, mussen nees ufänken ze schaffen. Eis leien z.B.

d‘Chancegläichheets- an d‘Jugendkommissioun um Häerz. ✔ d’Auslännerkommissioun soll sech deem wichtegen Thema Integratioun

unhuelen.

• Mir iwwerschaffen dat internt Reglement vum Gemengerot.

CSV steet fir eng éierlech Informatioun fir all Bierger:

• Mir maachen eng transparent Kommunikatiouns- an Informatiounspolitik:

✔ den Internet- Site vun der Gemeng soll méi informativ ginn. ✔ Gemengerotsberichter, nei Projeten an den PAG sollen do publizéiert ginn. ✔ nei Medien, wéi „macommune.lu“ an „sms2citizen“ gi mat agebonnen.

• Mir wëllen ee Biergeramt, wat bei administrativen Hürden hëllefe soll.

Page 10: Walprogramm 2011 (lux)

10 CSV 6 JoER – 6 AuFGAbEN

2. Eng biergerfrëndlech Gemeng fir Kleng a Grouss

CSV wëll eng Gemeng, déi Plaz bitt fir all Mënsch.

CSV baut op eis Kanner:

• D‘Schoul an de gudden Oflaf vum Schoulwiesen wäerte fir eis ëmmer eng Prioritéit sinn. D‘Schoul an d‘Maison Relais mussen der Entwécklung vum Wuesstem vun der Gemeng ugepasst ginn.

• Mir si fir ee Pedibus op verschidde Linnen. Eis Schoulkanner sollen hei zou Fouss an d‘Schoul begleet ginn. Zu Fréiseng muss dofir d‘Streck geséchert sinn, wa se laanscht an iwwert Nationalstroosse geet. Dëst ass een Zousaz zum „Séchere Schoulwee“.

• Mir setzen alles drun, endlech eng Vernetzung vun eisen Dierfer ze erreechen mat Vëlos- a Spadséierweeër. Sou kënnten eis Kanner zum Deel souguer mam Vëlo an d‘Schoul fueren.

• Eis Schoulkanner sollen eng LASEP Sektioun kréien, dëst nieft dem offiziellen Schoulsport.

Page 11: Walprogramm 2011 (lux)

11

CSV. Mat kloerem Bléck no vir.

• Mir wäerten de Promoteuren als Konditioun setzen, an all gréisser neit Lotissement eng Plaz un ze leeën, déi ee Kontaktpunkt soll sinn fir d‘Bierger a wou déi Kléng spille kënnen.

• Nodeems de Cycle 1 an d‘Sportshal fäerdeg sinn, entwéckele mer Visiounen fir de Site weider auszebauen. Dozou gehéiert och, dass bei der neier Hal, souwäit mer Terrain kréien, ee Sportfeld ugeluecht gëtt.

CSV ënnerstëtzt déi Jugendlech a jonk Leit:

• Mir ënnerstëtze weider-hin eis spezifesch Jugendveräiner an och d‘Jugendaarbecht an deenen aneren Veräiner.

• Mir suerge fir eng professionell Betreiung vun eise Jugendlechen.

• Mir ginn de Schüler (secondaire) a Studenten (Uni) leeschtungsgebonne Subsiden.

• Mir wëllen déi néideg Logistik stellen, fir an eiser Gemeng Nohëllefstonnen un ze bidden.

• Mir setzen eis an, fir op regionaler Basis eng „journée du recrutement“ ze organiséieren, fir esou eis Jugendlech fit ze maachen, fir den Aarbechtsmaart.

• Mir setzen eis an fir bezuelbare Wunnraum ze schafen, fir dass eis jonk Leit kënnen an der Gemeng wunne bleiwen.

• Mir halen den Nightrider Bus bäi a riichten d‘Wichtegkeet dovunner speziell op Jonker aus.

• Bei spezielle Manifestatiounen gëtt ee Late-Night-Bus ugebueden. Dës Manifestatioune wëlle mer mat der Jugendkommissioun zesumme festleeën.

• Mir wëllen d’Meenunge vun deene Jonken ëmsetzen; hir Iddie gi gefrot an och seriéis geholl.

11

Page 12: Walprogramm 2011 (lux)

12 CSV 6 JoER – 6 AuFGAbEN

CSV denkt un déi eeler Matbierger:

• Mir ënnerstëtze weiderhin eise Senioreclub.

• Mir halen d‘Rentnerfeier bäi.

• Niewent dem Senioresport (Schwammen, Turnen, …) bidde mer aner Formatiounen un, wéi Internetführerschein, Handycoursen oder Senioresécherheetstraining.

• Komplementar heizou wëlle mer Aktivitéiten ubidden, déi d‘Mobilitéit, d‘Motorik an déi geeschteg Fäegkeete vun eise Senioren förderen.

• Eis 3. Alter- Kommissioun gëtt revaloriséiert.

• Mir setzen alles drun fir ee Projet CIPA / betreit Wunnen ze realiséieren, alleng oder mat aneren.

• Mir ënnerstëtzen d‘Iddi vun engem Flexibus oder Ruffbus fir den eelere Leit d‘Akafen an aner Déplacementer ze erliichteren.

• Iwwert de CIGL oder ProActif kréien déi eeler Matbierger d‘Méiglechkeet, kleng Aarbechten ausféieren ze loossen.

Page 13: Walprogramm 2011 (lux)

13

CSV. Mat kloerem Bléck no vir.

CSV steet fir Integratioun:

• Eis Auslännerkommissioun soll eng aktiv Roll an der Integratioun iwwerhuelen a verstäerkt den Austausch vun de Kulturen tëschent Lëtzebuerger an Net- Lëtzebuerger förderen.

• D‘Aktivitéiten am Kader vum Jumelage sollen an Zukunft iwwert déi Kommissioun organiséiert ginn, an zesummen mat der Bevëlkerung stattfannen.

• All ëffentlecht Gebai an all Gemengeplaz soll mam Rollstull ze erreeche sinn, speziell eise Populatiounsbüro.

• Eis Akellerungsprime gëtt iwwerschafft an doduerch méi sozial gerecht.

• Solidaritéit soll bei eis gelieft ginn. Duerfir brauchen mir eng Sozialaktioun ënnert dem Logo „Fréiseng Hëlleft“. Wann Veräiner an/oder privat Leit een Don un déi Aktioun maachen, steiert d‘Gemeng eppes bäi.

• Mir sti fir eng Maison Médicale an eng Apdikt an eiser Gemeng.

• Mir wäerten eis weiderhin asetzen fir ee Postbureau an eiser Gemeng ze behalen.

Page 14: Walprogramm 2011 (lux)

14 CSV 6 JoER – 6 AuFGAbEN

3. Eng liewenswert Gemeng

CSV wëll eng awunnerfrëndlech Gemeng:

• Mir dreiwen de Feldweeër Programme weider. Eis Trëppel- a Vëlosweeër sollen déi dräi Uertschaften op eng sécher an propper Manéier mateneen verbannen.

• Den aktuelle Spadséierwee laanscht d‘Autobunn tëschent Fréiseng an Helleng soll als Vëloswee ausgebaut ginn, a souwäit méiglech, un de nationale Réseau vu Vëlosweeër ugebonne ginn.

• Mir wäerte fir propper Bushaisercher suergen.

• Mir freeën eis iwwert e wéineg méi Blummen a Gréngs an eisen Dierfer.

CSV steet fir eng sécher Gemeng:

• Mir ënnerstëtzen eis fräiwëlleg Pompjeeën weiderhin mat modernem Material.

• Déi néideg gréisser Uschafungen sollen an engem Fënnefjoresplang stoen.

• Mir ënnerstëtzen d‘Ofhale vun Éischt-Hëllef-Course, der Coupe Scolaire a vu Sécherheetstraininge fir eis Kanner.

• Mir wëllen ee neutralen Sécherheetsdelegéierten fir d‘Schoul an déi ëffentlech Gebaier.

Page 15: Walprogramm 2011 (lux)

15

CSV. Mat kloerem Bléck no vir.

15

CSV wënscht sech en uerdentlech Gemeng:

• Mir iwwerschaffen eis Gemengereglementer, déi zum Deel total iwweraltert sinn. Fehlend Reglementer ginn ausgeschafft.

• Mir si fir ee flächendeckende Parking Résidentiel, dee vun engem „agent municipal“ iwwerwaacht gëtt.

4. Eng lieweg Gemeng

CSV wëll staark Veräiner, déi mat hiren Aktivitéiten ee wäertvolle Bäitrag leeschten am gesellschaftleche, sportlechen a kulturelle Liewe vun eiser Gemeng an esou zum sozialen Zesummenhalt bäidroen.

• Mir suergen derfir, dass eis lokal Veräiner uerdentlech bespillbar Terraien a valabel Infrastrukturen zur Verfügung hunn, wou si sech kënnen zou festen Zäiten versammelen an hiren Aktivitéiten nogoen.

• Mir iwwerschaffen d‘Subsidereglement fir Veräiner, fir sou der Memberszuel an den Aktivitéiten Rechnung ze droen. Jugendaarbecht gëtt belount.

• Bei gréissere Veranstaltungen, hëlleft den techneschen Déngscht op Ufro, beim Transport vu méi schwéierem Material.

Page 16: Walprogramm 2011 (lux)

16 CSV 6 JoER – 6 AuFGAbEN

• Mir stellen op der Gemeng de Veräiner eng Kopéiermaschinn zur Verfügung, wou si hir Kopien mat hirem Pabeier maache kënnen.

• All Veräin kritt am Schäfferot een eegenen Uspriechpartner.

Patrimoine:

• D‘Uespelter Schlass gëtt restauréiert.

• Ronderëm d‘Schlass gëtt den Duerfkär opgewäert duerch d‘Erhale vun der baulecher Substanz. Mir schafen do eng Duerfplaz, wou eis Bierger sech gären treffen.

• Zu Helleng ënnerstëtze mir d‘Haus vun der Geschicht an der Erënnerung „A Lënstesch“; och eis Schoulkanner sollen do un eis Geschicht eru gefouert ginn. Mir si fir d‘Erhale vum ale Waassertuerm.

• Mir wëllen Duerfkäre schafen mat liewegem Charakter.

• Mir bannen eis spezifesch Geschichtsveräiner aus der Gemeng an eis Projeten an. Si solle weiderhin bei der Organisatioun vun Ausstellungen, historesche Festivitéiten, souwéi dem Opbau vun Archiven aktiv sinn.

• Eis Weekräizer gi restauréiert an nees opgestallt.

5. Eng modern Gemeng

CSV wëll eng modern Gemeng. Dozou gehéieren Infrastrukturen an Equipementer, déi de Biergerinnen a Bierger déi Liewensqualitéit bidden, déi hinnen zousteet. D‘Ofsécherung heivunner ass fir eis eng Prioritéit.

Page 17: Walprogramm 2011 (lux)

17

CSV. Mat kloerem Bléck no vir.

Schoul & Schoulsport & Kannerbetreiung:

• D‘Schoulinfrastrukturen an d‘Sécherheet vun de Kanner genéisse bei der CSV Prioritéit.

• Mir hunn eng nei Sportshal zu Fréiseng matgestëmmt an och ee Numm dofir proposéiert: „Centre Sportif Romain Schroeder“.

• Mir hun ee neit Gebai fir de Cycle1 matgestëmmt, wat elo a Modulbauweis opgeriicht gëtt.

• Mir setzen eis als Zil, all eis Gemengegebaier optimal aus ze notzen. Mir brauchen keng Gebaier ze ënnerhalen, fir se just e puer Stonnen d‘Woch ze benotzen.

• An der Schoul kéint sou en Informatiksall fir Internetcoursen gebraucht ginn, an de Musikssall fir Solfègecoursen.

• Bei der Schoul leeë mer eng nei Spillplaz un fir eis kleng Kanner.

Page 18: Walprogramm 2011 (lux)

18 CSV 6 JoER – 6 AuFGAbEN

Stroossen:

• Mir wäerten den Duerchgangsverkéier an de Wunnstroossen an eiser Gemeng ënnerbannen.

• Mir sichen eng Léisung fir an der Krokelshaffstrooss d‘Zone 30 anzeféieren.

• Mir wëllen ee Radarmoossgerät am Agang vun eisen Uertschaften.

• Mir setzen eis mat alle Mëttelen derfir an, dass d‘Saarautobunn definitiv un dat bestehend Autobunnsnetz ugebonne gëtt.

• An der Gemeng gëtt d‘Strooss „Op Laangert“ zu Uespelt erneiert a fir de Buerbierg zu Helleng, deen an engem schlechten Zoustand ass, gëtt och ee Projet ausgeschafft.

• D‘Strooss „Um Flouer“ zu Uespelt, souwéi den Hoenerwee an de Zoufftgenerwee zu Helleng bleiwen dann nach ze erneieren, an an aner Stroossen si Verschéinerungen an Fléckaarbechten virgesinn.

Gasnetz:

• Déi Stroossen wou nach net ugeschloss sinn, ginn ugeschloss: „Op Laangert“ kritt den Uschloss am Kader vun der Refektioun vun der Strooss.

Kanalisatioun a Kläranlag:

• Eist Kanalisatiounsnetz muss punktuell verbessert ginn.

• „Op Laangert“ gëtt de Réckstauproblem geléist, andeem d‘Iwwerflächewaasser direkt ofgefouert gëtt.

• Zu Fréiseng an der Lëtzebuergerstrooss baue mer en duebelt Reerëckstaubecken bei der Gaanerbach.

• Zu Uespelt beim Kierfecht baue mer och ee Reerëckstaubëcken. Bei 3 Haiser ass vun der aktueller Majoritéit de Kanaluschloss vergiess ginn ze maachen. Dat musse mer nohuelen.

Page 19: Walprogramm 2011 (lux)

19

CSV. Mat kloerem Bléck no vir.

• Eis Kläranlag ass ze kleng. Et ass schonns Terrain kaaft ginn fir se aus ze bauen. Mir si fir déi Vergréisserung a fir eng méiglechst effektiv Gestioun vun där ganzer Anlag. Hei si mir och bereet zu enger regionaler Zesummenaarbecht, wann et am Interessi vun der Gemeng ass.

Waasserversuergung:

• De Moment bitt de Waassertuerm zu Fréiseng vun 850m3 nach Reserven fir knapp 1 Dag. Bei der Planung waren hei 3 Deeg virgesinn. Mir denken iwwert eng Vergréisserung vun de Kapazitéiten no.

Gemengegebäier & Servicer:

• Zu Helleng um Kulturhaus gëtt d‘Fassade erneiert.

• Zu Fréiseng wëlle mer d‘Gemengenhaus vergréisseren fir dass d‘Gemengepersonal anstänneg Aarbechtskonditiounen kritt.

• D‘Containerplaz zu Helleng beim Recycling-Park gëtt vergréissert an d‘Leit sollen ee besseren accès zu de Container kréien. Mir féieren direkt méi flexibel Ëffnungszäiten an, déi sech och no den Aarbechtszäiten vun eise Bierger riichten.

Page 20: Walprogramm 2011 (lux)

20 CSV 6 JoER – 6 AuFGAbEN

• Mir reaktivéieren eise „Second-Hand“- Container.

• De Gemengenatelier ass ze kleng a muss méi Plaz kréien.

• Den techneschen Déngscht vun der Gemeng gëtt weiderhin mat modernem Material versuergt.

• Zu Uespelt um Kierfecht kënnt endlech deen Ënnerstand, dee schonns säit 10 Joer geplangt ass.

6. Eng nohalteg Gemeng

D‘Entscheedunge vun haut sollen net op Käschte vun de kommende Generatioune geholl ginn. Dofir wëlle mir bäi all eisem Denken an Handelen Akzenter sëtzen, déi deem Rechnung droen.

Ëmwelt & Energiespueren:

• Endlech hu mer de grénge Stroum, dee mir schonns sou laang gefuerdert hunn.

• Mir begréissen eng Benotzung vu Gemengegebaier fir Fotovoltaikanlagen.

• Mir ënnersichen den Energieverbrauch vun eise Gemengegebaier a vun der Stroossebeliichtung a schaffen e Moossnamekatalog aus, fir Energie ze spueren.

• Mir wëllen eis Stroossen graduell mat Energiespuerluten (LED) equipéieren.

• Mir fuere weider mat der Botzaktioun an der Gemeng, déi mer mat enger Bam- an Hëckeplanzaktioun alternéieren. Regelméisseg Sensibiliséirungskampagnen gi mat de Schoulklassen duerchgefouert. Si sollen och u spezifesche Projete am Beräich Ëmwelt deelhuelen.

• D‘Gemeng soll no ökologesche Kritären handelen beim eegene Fuerpark, bei Botzmëttel, Recycling Pabeier, Energie-a Waasserspueren, souwéi beim Asaz vu Pestiziden.

• Mir förderen d‘Uleeë vun enger „Cité jardinière“ a vu Bongerten.

• Mir ënnerstëtzen ee Schoulgaart.

• Mir si fir de Gebrauch vun regionale Liewensmëttel an eise Schoulkichen.

Page 21: Walprogramm 2011 (lux)

21

CSV. Mat kloerem Bléck no vir.

• Mir sinn eng Klimabündnis Gemeng. Mir wäerten awer alternativ dozou d‘Méiglechkeeten studéieren, déi de regionalen Ëmwelt-Syndikat SICONA eis bitt.

• Am Gemengebësch „Seitert“ ass e Fitnessparcours ageriicht ginn. Mir wëllen de Bësch un d‘Spadséier- a Vëlosweeër ubannen. Zu dësem Konzept gehéiert och en Nordic-Walking-Parcours.

• D‘Bausschuttdeponie hannert Helleng soll vergréissert ginn. Mir sëtzen eis an, dass dëst keng negativ Auswierkungen op d‘Liewensqualitéit vun den Hellenger Bierger huet. Dofir brauche mer ee natierlechen Sicht- a Lärmschutzwall.

Ooffall- & Recycling:

• Mir wäerten derzou motivéieren, méi ze recycléieren a manner Dreck ze maachen.

• Mir schafen uerdentlech blo Poubellen un fir de Pabeier an och eis brong Dreckskëschte fir d‘Glas musse méi grouss ginn. Mir wëllen de Leit dës Poubellen op Rieder ubidden.

• Déi aktuell Kommunikatiounspolitik a Saachen Offall muss verbessert ginn. Mir informéieren d‘Bierger iwwert hir Méiglechkeeten, z.B. iwwert d‘Etiketten, wou ee kann op eng zousätzlech Offalltuut pechen.

• A punkto Offallpolitik wëlle mer eis Bierger allgemeng méi informéieren a sensibiliséieren, a schonns bei eise Kanner ufänken.

Verkéier & Mobilitéit:

• Mir waren a si fir d‘Zone 30 an ee flächendeckende „parking résidentiel“.

• D‘Vernetzung vu Vëlosweeër a Spadséierweeër ass fir eis eng Prioritéit. Mir wëllen dës Weeër un déi regional an national Netzer ubannen.

Page 22: Walprogramm 2011 (lux)

22 CSV 6 JoER – 6 AuFGAbEN

• Zum Konzept vum séchere Schoulwee komme PediBus-Linnen a Vëlosweeër derbäi. Och Sportinfrastrukturen an ëffentlech Gebaier sollen op engem séchere Wee mam Vëlo ze erreeche sinn.

• Mir begréissen eng Busspur vum P&R aus duerch ganz Fréiseng, fir sou verstäerkt op den ëffentlechen Transport ze setzen, wou mir weiderhin fir direkt Trajeten stinn.

• Mir versichen iwwert de Wee vun neie Verkéierskonzepter, de Verkéier op den Nationalstroossen méi roueg a méi fléissend ze kréien. Sou ënnerstëtze mir de Virschlag, d‘Busspuren duerch Fréiseng an d‘Mëtt vun der Strooss ze verleeën, an als „sens unique“- Mueres fir an d‘Stad an Owes fir aus der Stad eraus- ze plangen.

• Mir setzen eis an fir en Zebrasträifen géintiwwer vum „Domaine Schoumansbongert“.

• Mir wëllen eng Entschäerfung vun der Kräizung Gëll & Schoumansbongert mat der Lëtzebuergerstroos zu Fréiseng.

Page 23: Walprogramm 2011 (lux)

23

CSV. Mat kloerem Bléck no vir.

Flächennotzung & Bautepolitik:

• De PAG gëtt endlech fäerdeg gestallt an op der Homepage vun der Gemeng verëffentlecht.

• Bei der Exekutioun vum Bauen musse kloer Kriterien agehalen ginn an och kontrolléiert ginn.

• Nom Pacte Logement wëlle mer och beim „Paquet Logement“ matmaachen.

• Mir suerge fir soziale Wunnraum.

• Mir wëllen dass an Zukunft nei Gebaier no ökologesche Kritäre gebaut ginn.

• Dozou gehéiert, dass an Zukunft all Haus an all Lotissement, wat nei gebaut gëtt, vu vir eran ee getrennten Ofwaassersystem virweise muss.

• Fir ze garantéieren, dass keng Kanalproblemer optrieden an dass all Ënnerhaltsaarbechten fachlech ausgeféiert ginn, wëlle mer op de Wee vun enger ëffentlecher Ausschreiwung goen, sou dass all Aarbechten mussen iwwert d‘Gemeng lafen, an sou automatesch kënne kontrolléiert ginn.

• Iwwert en einfacht Reglement brauchen esou d‘Leit sech net méi selwer ëm ee Fachbetrieb ze këmmeren, a se kréien och nach ee méi gënschtege Präis fir d‘Ausféierung vun hiren Aarbechten.

• Mir mussen de Gemengewuesstem am A behalen, andeem mir de Bevëlkerungszoufloss duerch ee neit Bautereglement an ee neien Bebauungsplang esou steieren, dass mer genuch staatlech Gelder era kréien, ouni dofir déi bestehend Infrastrukturen zevill ausbauen ze mussen. Duerch e Wuesstem iwwert der Moyenne kommen nämlech Ausgaben op eis duer, déi mir net bezuele kënnen.

Page 24: Walprogramm 2011 (lux)

CSV. Mat kloerem Bléck no vir.

Finanzen:

D‘Gemeng Fréiseng huet an de leschten 20 Joeren hir Awunnerzuel verduebelt. Dat bréngt vill staatlech Gelder an d‘Gemengekees. Et ass awer och ee Spill mam Feier; eis Gemeng brauch lafend nei a méi grouss Infrastrukturen, déi musse virfinanzéiert ginn. Sou brauche mer ëmmer méi nei Awunner fir eis Schold kënnen ze bezuelen. Dëst ass ee Schnéiballsystem, dee grouss Geforen mat sech bréngt. Mir mussen deemno och bei de Finanzen nohalteg denken an handelen, an net einfach déi kommend Generatiounen belaaschten.

• Mir wëllen dass eis Gemeng weider wiisst, awer net méi séier, wéi eis Infrastrukturen et verkraften.

• Mir suergen fir ee kontrolléierten Wuesstem.

• Mir wäerten eis als Zil setzen, eng rigoréis Finanzgestioun ze maachen.

• Mir setzen alles drun eis Recetten ze verbesseren, an deem mer eis Betriber an der Gemeng halen a probéieren nei Betriber an eis Gemeng ze kréien Dofir wëlle mir eng Gewerbezone schafen.

• Mehreinnahmen, déi net virgesinn waren am Budget setze mer konsequent an eng Reserve.

• CSV steet fir eng seriéis a nohalteg Finanzpolitik. An deem Kader behiewe mer déi fehlend Transparenz an der Gemeng hirer Finanzplanung a stellen dofir ee seriéise 5-Jores-Plang op.

24 CSV 6 JoER – 6 AuFGAbEN

Zeechnungen: Cindy Einsweiler 2011

Page 25: Walprogramm 2011 (lux)

Eis Kandidaten.Fir d‘Gemeng Fréiseng.

Chrëschtlech Sozial VolleksparteiCSV

AREND Claude

AULNER ÉP. WAGENER Marie-Louise

BARBABIANCA Gilles

BIEL Jean

EINSWEILER Lucien

HANSEN Carlo

RAUS-GOERES Josiane

REDING Paul

SCHILTZ Aloyse

SCHMITZ Pierre

WEBER-GLODT Denise

Lëscht 2

Dënschdes, den 27. September 2011 um 20 Auer am Sall „Al Gemeng“ zu Fréiseng

Eis Wahlversammlung:

Page 26: Walprogramm 2011 (lux)

Uespelt

Helleng